arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 18 Chamberkommissioune gi vun haut un iwwerdroen

Politesch Rentrée

|
headphones

1 min

headphones

9 min

play_arrow

18 Chamberkommissioune gi vun haut un iwwerdroen

Vun haut u ginn d'Sitzunge vun 18 Chamberkommissioune live gestreamt. Domat klëmmt déi Zuel däitlech. Bis elo war dat just bei fënnef méiglech. Ee grousse Fortschrëtt, fënnt de Chamberpresident.

headphones

1 min

headphones

9 min

play_arrow
De Chamberpresidet Claude Wiseler
De Chamberpresident Claude Wiseler

Et wieren och eng Rei Chamberkommissiounen, déi ee fir den Ament nach net iwwerdroe wéilt. Virop déi aussepolitesch Kommissioun oder nach d‘Verteidegungskommissioun, esou de Claude Wiseler (CSV). Dat virun allem wann iwwer Strategien a Virbereedunge vun EU-Conseile geschwat gëtt.

Eng Fro vun nationalem Interessi

Dobäi kann de Chamberpresident sech duerchaus virstellen, datt eng Kéier alleguer d‘Kommissiounen iwwerdroe ginn, ausser et géif am Interessi vum Land leien, datt se net ëffentlech wieren.

"Dat huet einfach mat der Aart a Weis ze dinn, wéi eng Regierung ka schaffen a wéi s de muss diplomatesch virgoen. Wann s de deng Strategien an den Negociatiounen an Europa scho virdrun op den Dësch lees  (...), datt et schwiereg ass, dat uerdentlech kënnen ze maachen."

Vun der Rentrée un ännert sech och d‘Organisatioun vum Transparenzregëster. Et ass elo un den Deputéierten, d‘Entrevuen anzeschreiwen. Dobäi geet et och net méi duer, opzeschreiwen, mat wiem d‘Entrevue ass. Och de Sujet dee beschwat gëtt, muss dobäistoen.

play_arrow Lauschteren