Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 18.317 Persoune sinn op der Sich no enger Aarbecht

Aarbecht

18.317 Persoune sinn op der Sich no enger Aarbecht

D‘Zuel vun de Mënschen op der Sich no enger Aarbecht geet weider an d‘Luucht: am Januar hunn 18.317 Persounen eng Aarbecht gesicht. Dat sinn iwwer 2.500 méi wéi virun engem Joer. Dat deelen d'Adem a Statec mat.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

D‘Zuel vun den Demandeurs d‘emploi geet fir all Kategorien erop. Am meeschte betraff sinn awer Leit mat engem Unisdiplom a Jonker ënner 30 Joer. Vun de Beruffssparten ass de Bausecteur am meeschte betraff, awer och de Finanzsecteur an d‘Industrie.

De Chômagetaux bleift iwwerdeems stabel bei 5,5 Prozent.

4.360 Persounen sinn an enger Beschäftegungsmesure

Och d‘Zuel vun den neien Inscriptioune bei der ADEM geet an d‘Luucht. Am Januar hu sech 3.147 Residenten nei beim Aarbechtsamt ageschriwwen. Dat sinn der 250 méi wéi Januar d‘lescht Joer. Den Ament kréien iwwer 10.000 Persoune Chômage. Bal een Drëttel méi wéi virun engem Joer. Dobäi kommen nach emol 4.360 Persounen, déi an enger Beschäftegungsmesure dra sinn.

Iwwerdeems sinn op 1 Joer gekuckt am Januar iwwer 36 Prozent manner fräi Plazen deklaréiert ginn.