Radioen

On air

9 bis 1  |  Claire Parsons - Nebula

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 11 Sekonne Course

Olympesch Spiller

11 Sekonne Course

Den 100-Meter-Sprint ass ee vun de prestigiéisen Evenementer bei den Olympesche Spiller. Mat der Patrizia Van Der Weken huet Lëtzebuerg eng Sprinterin, déi dës Disziplin op héchstem Niveau bestreide kann. D’Athleetin steet haut um Freideg Moien eng éischte Kéier zu Paräis am Startblock.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Patrizia van der Wekend | © picture alliance / ChaivonderLaage | Gladys Chai von der Laage play_arrow
Foto: picture alliance / ChaivonderLaage | Gladys Chai von der Laage

100 Meter an 11,02 Sekonnen - esou huet d’Patrizia Van Der Weken ufanks Juli zu Paräis als éischt Lëtzebuerger Sportlerin iwwerhaapt d'Diamond League gewonnen. D'Diamond League, dat ass d'Champions League vun der Liichtathletik, eng Kompetitioun, bei där all Victoire mat net manner wéi 10.000 Dollar Präisgeld dotéiert ass.

Duerch hir konstant gutt Leeschtungen huet sech déi 24 Joer al Sprinterin also spéitstens dëst Joer en Numm op internationalem Niveau gemaach an ass bei Olympia eng vun de gréissten Hoffnunge vum Team Lëtzebuerg.

Fir den Arnaud Starck, dem Trainer vun der Sprinterin kënnt dëse Succès net iwwerraschend. Fir hie sinn et vill méi d’Friichte vun der gemeinsamer Aarbecht déi lescht 10 Joer.

Eng natierlech Veranlagung an e gudde strategesche Placement

Den 100-Meter-Laf ass dobäi vill méi eng technesch wéi eng strategesch Disziplin, fir déi d’Patrizia Van Der Weken eng grouss natierlech Veranlagung hätt.

"Son gros point fort, c'est son placement technique, qui l'aide à courir vite et atteindre des vitesses maximales assez élevées."

Vum Startblock bis zur Zillinn ginn d'Sprinter:innen duerch véier verschidde Phasen, déi musse wéi Zännrieder anenee gräifen, fir Maximalgeschwindegkeeten ze erreechen, esou den Arnaud Starck.

"Pour vous donner une iddée, Patrizia court sur des vitesses aux alentours des 34 kilomètres par heure."

Opbau ouni Drock

D'Patrizia Van Der Weken huet sech scho virun engem Joer fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert a konnt doduerch eng ideal Preparatioun genéissen. Et kéint een nämlech mëttelfristeg vill méi prezis am Training opbauen, wann ee keng spezifesch Zäite bei Kompetitioune misst areechen, esou den Arnaud Starck.

Nieft der Aarbecht mam Trainer konnt d'Sprinterin awer och op d'Hëllef vum LIHPS, dem Luxembourg Institute For High Performance Sports zielen.

"Mam Patrizia hu mer am Beräich Preventioun zum Beispill matgeschafft. Mir hu spezifescht Material zur Verfügung gestallt, fir datt hatt grad am Sprintberäich mat Widderstand trainéiere kann", seet de Sportswëssenschaftler Frédéric Margue.

TOP 12 ass d'Zil

Mat der Virbereedung fir d’Olympesch Spiller war een also insgesamt zefridden. Trotzdeem bremst den Arnaud Starck d'Erwaardunge fir eng méiglech Olympia-Finall.

Eng Plaz ënner den éischten 12 wier e Succès. Den 100-Meter-Sprint gëtt bei Olympia - historesch gesinn - vu Leeferinnen aus Jamaika an den USA dominéiert.

Routinne si wichteg

Och wann Olympia fir all Sportler:in eppes Besonnesches ass, ënnersträicht den Trainer vun der Patrizia Van Der Weken, datt d'Routinne fir esou eng Competitioun ëmmer déi selwecht bleiwen. Dës Woch virun der Performance hätt een tëschent Training a Recuperatioun alternéiert.

Nächst Etapp Diamond League zu Bréissel

No den Olympesche Spiller steet fir d'Liichtathletik awer nach e weidert wichtegt Event un: d'Finall vun der Diamond League zu Bréissel am September. Sech dofir ze qualifizéiere wier dann no den Olympesche Spiller och d'Haaptzil vun der Patrizia Van Der Weken, esou nach den Trainer Arnaud Starck.

Lauschterenplay_arrow