An der Haaptsaach gouf gekuckt, ob si hir Präisser an Tariffer richteg affichéiert hunn. Iwwer zwee Drëttel vun de kontrolléierte Betriber waren do net konform, wéi et an engem Communiqué heescht. Well dëst eng éischt Kontroll war, gouf net sanktionéiert.
De Ministère huet mat de Concernéierten zesumme gekuckt, wéi si sech en règle setze kënnen. Et sinn och Formatioune geplangt fir d‘Acteuren aus dem Schéinheetssecteur. Bei den nächste Kontrollen da ginn et Sanktiounen, wann d‘Reegelen net agehale ginn, déi kënne bis zu 2.000 Euro goen.