One World
Together
58 min
Den Alborosie ass a Sizilie gebuer an huet Jamaika zu senger Walheemecht gemaach. Op sengem neien Album collaboréiert hie mat der Jaz Elise, jamaikanesch Artistin mat vill Talent.
Mir sinn op der Spuer vum bekannten “House Of The Rising Sun”. Den Titel war en Number One Hit 1964! Datselwecht Joer hat d’Miriam Makeba hir Versioun verëffentlecht …
Dem franséisch-amerikanesche Komponist a Perkussionist Steve Shehan säin Album “Visa Mundi” ass eng kleng Pärel ...
Mir héieren och déi aussergewéinlech Renconter tëschent dem Antonello Salis, italieeneschen Accordeonist a Pianist, Paolo Angeli Gittarist, Instrumentebauer, dee sech ë. a fir d’Musek aus Sardinien interesséiert, dem Gavino Murgia, sardesche Sänger an Jazz-Saxofonist an dem Hamid Drake, amerikaneschen Jazz-Drummer a Perkussionist. E faméise Line Up, dee mir um Album “Giornale Di Bordo” héieren, en Disk, deen 2010 erauskoum.
De brasilianesche Singer-Songwriter an och Politiker Gilberto Gil ass bekannt souwuel fir seng musikalesch Innovatioun wéi fir säi politeschen Aktivismus. Säin Album “Ok Ok Ok” koum am August 2018 eraus.
Mir héieren hei gläich zwou verschidde Kollaboratioune vum Piers Faccini. Der Spuer vun dësem Artist a Weltebummler nozegoe lount sech a féiert ëmmer erëm bei interessant Decouverten!
Den neien Album “Night Reign” vun der pakistanescher Sängerin a Komponistin Arooj Aftab ass eng vun den Decouverten dës Kéier.
Playlist:
Alborosie - Faith (feat. Jaz Elise) - Destiny
Somi - House of the Rising Sun - Zenzile: The Reimagination of Miriam Makeba
Antonello Salis, Paolo Angeli, Gavino Murgia & Hamid Drake - Corsicana Tarantina - Giornale Di Bordo
Steve Shehan - Chasse Spleen - Visa Mundi
Gilberto Gil - Jacintho - OK OK OK
Las Hermanas Caronni - Breathe (feat. Piers Faccini) - Santa Plastica
Souad Massi - Mirage (feat. Piers Faccini) - Sequana
Coşkun Karademir - Rüzgar - Öz
Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
Hindi Zahra - At the Same Time - Handmade
Episoden
Les métamorphoses du vide
Les métamorphoses du vide
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
Requiem pour un con
Melting Pot aus Südfrankräich, Bossa Nova, Improvisatioun, Jazz mat traditionell Museke verbonnen, Refugiéen am Dialog, e "Requiem pour un con", héich aktuell
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
From Kabul to Bamako
En neien Ethio-Jazz-Projet, afrikanesch an elektronesch Elementer co-habitéieren ouni sech op d'Féiss ze trëppelen a keltesch Influenzen, déi hire Polver net verschéissen.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Flowers
En Trio, fir deen d'Musek eng Weltsprooch ass, äthiopesch Kläng aus dem Exil, wann d'Wierder Blumme wieren, an en Dram, deen an Erfëllung goung.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Making Sense
Zwee fréier Membere vun DEUS, déi traditionell Musek vun den Touareg mat aneren Influenzen an de Speech vun engem Diktator, deen haut bekannte Klacke laude léist.
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Explicit Lyrics
Gläich e puer engagéiert Artiste vis à vis vum Rassismus an der Ënnerdréckung ënner all hire Formen. Dernieft ugeräicherte Fado an inspiréiert Globetrotter
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
Séiss Friichten
Museker vun Outre-Mer, déi hir Racinë sichen, Touareg a Kora-Spiller aus dem Mali, Folk aus Argentinien, séiss Lockdown-Friichten an en Apel, deen net wäit vum Stamm fält.
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
The Power of Words
Eng Bluegrass-Sängerin, en Englänner, deen op Americana steet, keltesch Aflëss subtil ugeräichert, Hedonismus an Extas, an e Säitesprong vun engem franséische Chansonnier
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)
From Mali to Norway
Nei Touareg Kläng, en togolesesche Museker, dee sech fir de Vaudou interesséiert, eng Fanfare, déi vum Afrobeat beaflosst ass, de Blues aus dem Mali, ...
![From Mali to Norway](/legacy/images/65371/image-thumb__65371__base_thumbnail/Cynthia%20Hornick.26a63127.jpg)