arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Rar Pärelen

Rar Pärelen

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

D’Britten vu Bar Italia hunn de leschten November hiren neien Album “The Twits” verëffentlecht, eng vun den Decouverten.

Eng aner Decouverte vun dëser Woch ass dem jonke Paräisser Museker Hupla säin Debutalbum “Introspect”, schéi Kompositiounen an Emotiounen …

“So Far So Good” ass den excellenten zweeten Album vun der amerikanescher Singer-Songwriterin Meernaa, mam richtegen Numm Carly Bond, eng schéi Kollektioun vu Folk-Songs, déi beréieren.

Den neien Album vum jonken indoneesesche Pianist a Komponist Joey Alexander, deen als Wonnerkand ugesi gëtt, ass “Continuance” iwwerschriwwen, eng vun eise Pärelen hei.

De franséische Kontrabassist Simon Mary huet mat senger Formatioun Krystal Mundi en neien Album agespillt. “Modal Morning” hellt eis mat a ganz nei Klang-Dimensiounen: Coup de Coeur!

Den norweegesche Produzent Espen Horne huet elo an no enger Paus vu 24 Joer, en neien Disk ënner sengem Numm erausbruecht “The Anatomy of Serene Eloquence”, eng weider kleng Pärel bei One World um 100,7.

D’Esher Demo “Not Guilty” vun de Beatles ass am Kader vun den Enregistrementer vum “White Album” opgeholl ginn, gouf awer net verëffentlecht ….

Mir entdecke Loverman, dat ass de Solo-Projet vum Belsch James de Graef, fréiere Member vum Synth-Rock Grupp Shht. Den neien Album “Lovesongs” léist intim Lidder erkléngen an de schéinen Timber vum James de Graef.


Playlist:

1. Bar Italia - Shoo - The Twits

2. Hupla - Give Me Some Time - Introspect

3. Meernaa - Love Is Good - So Far So Good

4. Joey Alexander - Zealousy - Continuance

5. Mo' Horizons - I Can't Sleep (feat. Noam Bar Azulay) - Mango

6. Simon Mary & Krystal Mundi - Modal Morning (feat. Sissel Vera Pettersen) - Modal Morning (feat. Sissel Vera Pettersen)

7. Espen Horne - Den Franske Gitaren (feat. Aich) - The Anatomy of Serene Eloquence

8. Loverman - Candyman - Lovesongs

9. The Beatles - Not Guilty (Esher Demo) - The Beatles (White Album) (Super Deluxe Edition)

10. Dylan LeBlanc - The Crowd Goes Wild - Coyote

11. dEUS - Pirates - How To Replace It

Episoden

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow