Physik ass relax
/ De Ritschratsch Velcro ... eng glécklech Beobachtung aus der Natur
De Ritschratsch Velcro ... eng glécklech Beobachtung aus der Natur
11 min
Et kann een e séier oprappen an och erëm liicht zoumaachen. Besser bekannt ass de Ritschratsch als Klettverschluss oder Velcro. En ass u Jacketten, Schong, Sneakers, Täschen, Kostümer vu Pompjeeën, Rennfuerer an Astronauten. D'NASA war als éischt drun interesséiert, éier en an eisen Alldag koum.
D’Entwécklungsgeschicht vum Ritschratsch ass interessant, well si eis weist, wéi aus enger Beobachtung eng grouss Erfindung entstoe kann. Dacks, wann een duerch héicht Gras a Gestrëpp trëppelt, iergert ee sech duerno iwwer kleng, pickeg Bëmmelcher, déi an de Kleeder festsetzen, well et ass eng Heedenaarbecht, fir déi erëm lass ze kréien.
Déi kleng Bëmmelcher sinn d’Fruucht vun der Klettplanz, eng Planz, déi an der Bléi ausgesäit wéi eng Dëschtel. No engem Spadséiergank mat sengem Hond am Joer 1941 war de Schwäizer Ingenieur George de Mestral intrigéiert, wéi fest déi Kletten u senger Wollkleedung an och um Pelz vum Hond gehalen hunn. Hie war Elektroingenieur, awer als virwëtzege Mënsch a gudde Wëssenschaftler wollt hien dat verstoen. Hien huet der puer ënner dem Mikroskop ënnersicht. D’Uewerfläch ass net mat riichte Stachele bedeckt, mee mat Stachelen, déi um Enn liicht gebéit sinn an d’Form vu klenge Kreepercher hunn. Si sinn esou elastesch a stabil, datt se net futti ginn, wa se lass gerappt ginn. D'Konzept vum Velcro ass schonn 80 Joer al!
Episoden
Wou kënnt d'Sonn un hir Energie?
Sonnenenergie duerch Verschmëlze vu Waasserstoff zu Helium
Wënsch der eppes..Stäreschnäizen, Koméiten a méi
Asteroiden, Meteoritten, Koméiten? Wat hunn se gemeinsam? Wat ënnerscheet se?
Sonnestralen, eng Kombinatioun aus Elektrizitéit a Magnetismus
Aus wat besti Sonnestralen?
Kleeder a Lotusblummen
Planzen, Lotusblummen: Virbild fir modern Kleedung
Wandrieder, Seegelbooter a Villercher: D‘Aerodynamik muss stëmmen!
Wéi ginn d’Wandrieder ugedriwwen?
Liewensretter Damp- a Feiermelder
Wéi fonktionéiere modern Feiermelder?
Wärmepompel
Wéi funktionéiert eng Wärmepompel?
Mikrowell an elektromagnéitesch Wellen
De Fonktionement vun enger Mirowell
Vun elektreschen Zännbiischten bis bei d’Wäschmaschinn
Wéi funktionéiert en Elektromotor?
Kale Kaffi a waarm Zopp
Physikalesch Gesetzer a mathematesch Modeller.
Altweibersummer
Den “Altweibersommer” ass eng summerlech Wiederperiod am Hierscht, mat kalen Nuechten a waarmen Temperaturen am Dag mat vill Sonn.
D'Aerodynamik vun den Zuchvullen
Firwat fléie verschidden Aarte vun Zuchvullen an enger V-Formatioun?
Den Hierscht huet ugefaangen
Hierschtufank, Längt vun Dag an Nuecht, Joreszäiten. E bëssen Astronomie
Schwong op der Schueberfouer
Beschleunegungen op der Achterbunn an um Rotor
Barbe à papa: wäiss, gréng, rosa, liicht a fluffeg wéi Watt
Wéi kann aus engem feste Stéck Zocker eng fluffeg Zockerwollek entstoen?
- 1
- 2