Physik ass relax
Den Hierscht huet ugefaangen
8 min
Den 23. September um 10 vir 9 eiser Zäit huet den Hierscht ugefaangen, an zwar fir jiddwereen op der Äerd. Dag an Nuecht waren awer eréischt de 26. ongeféier gläich laang. D’Deeg gi rapid méi kuerz, de Moment mat bal véier Minutte pro Dag. Den Hierscht dauert méi wéi 89 Deeg, bis den 21. Dezember.
Déi verschidde Joreszäiten entstinn doduerch, well d’Achs vun der Äerd “schif steet”, also net rechtwénkeleg zur Ëmlafbunn vun der Äerd ronderëm d’Sonn. Si sinn och net gläich laang, well d’Äerd keng konstant Vitess ronderëm d’Sonn huet, a well d’Distanzen, déi d’Äerd an deene verschiddene Joreszäiten zeréckleet, ënnerschiddlech sinn. Mam Physiker André Mousset
Presentéiert vum
- Angie Maquil