Wat ass "een" Dag op der Internationaler Raumstatioun ISS? D’Fro ass, wéi den Alldag do ofleeft. An dësem kuerze Roman léiere mir sechs fiktiv Mënsche kennen. Véier Männer an zwou Frae liewen e puer Méint laang op enkem Raum. D’Buch gëtt vill interessant a liicht verständlech wëssenschaftlech Detailer. Et ass awer vill méi. Et ass eng Introspektioun a méiglech Gedanken a Gefillswelte vu ganz ënnerschiddleche Mënschen, déi isoléiert Dausendmol ronderëm Äerd dréien. Duerch dat ganzt Buch zitt sech diskreet am Hannergrond d'Schicksal vun enger Famill op de Philippinnen.
Mat der Physikerin Carol Eicher, déi och haut nach emol op den erfollegräiche Start vun der Weltraumkapsel Artemis 2 zeréckkuckt, déi ënnerwee ass a Richtung Mound.