Viru 14 Deeg goufe mir vun enger kuerzer Hëtztperiod iwwerrascht. E
ise Kierper probéiert seng Temperatur Summer wéi Wanter op enger konstanter Temperatur ze halen. Déi verschidde Mechanisme gi bei extreemen Temperaturen iwwerfuerdert. Wat fir Mechanisme sinn dat? Wat bedeit extreem? Kann een dat wëssenschaftlech ënnersichen? Kann et zu Problemer kommen, wann ee reegelméisseg Medikamenter muss anhuelen? Explikatioune ginn et vun der Physikerin Carol Eicher.