Physik ass relax
Sonnestralen, eng Kombinatioun aus Elektrizitéit a Magnetismus
8 min
Sonnestrale bréngen Energie vun der Sonn bis op d’Äerd. Si bestinn aus elektromagnéitesche Welle mat ville verschiddene Wellelängten aus de Beräicher infrarout Stralung, siichtbaart Liicht an ultraviolett Stralung. Elektromagnéitesch Welle bestinn aus enger Kombinatioun vun engem elektresche Feld, dat oszilléiert an engem synchron dozou magnéitesche Feld, dat oszilléiert. Si breede sech mat Liichtgeschwindegkeet am Vakuum aus an transportéieren ëmmer Energie. Mat techneschen Anlage kënne mir d’Energie vun de Sonnestralen ophuelen a fir eis Zwecker benotzen. Explikatioune vum Physiker André Mousset
Presentéiert vum
- Angie Maquil