Physik ass relax
Kale Kaffi a waarm Zopp
9 min
Firwat gëtt Zopp kal ? Wéini soll ee Mëllech an de Kaffi schëdde fir datt e waarm bleift?
Elo wou et owes erëm méi frësch gëtt, ass eng Zopp oft wëllkomm. Si steet um Dësch an et kënnt awer keen erbäi. Zopp killt of. Hëlt hir Temperatur reegelméisseg of oder ass et méi komplizéiert? Vu wat hänkt et of? A wéini soll ee Mëllech an de Kaffi schëdde fir datt en esou laang wéi méiglech waarm bleift?
Alldaagsphenomener déi op physikalesche Gesetzer a mathematesche Modeller berouen an an nach ganz anere Beräicher wéi Forensik a Liewensmëttelindustrie eng wichteg Roll spillen. Mat der Physikerin Carol Eicher.
Presentéiert vum
- Angie Maquil