Physik ass relax
Wënsch der eppes..Stäreschnäizen, Koméiten a méi
10 min
Engem ale Glawen no däerf een sech eppes wënsche wann een eng Stäreschnäiz gesäit.
Shooting star, une ‘étoile filante
Asteroiden, Meteoritten, Koméiten, Meteoren, Stäreschnäizen sinn alles Kierper aus dem Weltraum. Di verschidden Nimm suergen heiansdo fir Verwiesslung awer ëmmer fir Erstaunen, Virwëtz an och mol fir Angscht. Wat ass wat? Besteet wierklech eng Gefor fir Äerd? Kéinten si och nëtzlech sinn?
Asteroiden, Meteoritten, Koméiten, Meteoren, Stäreschnäizen? Wat hunn se gemeinsam? Wat ënnerscheet se? Eng kleng Aféierung an den Dschungel vun dësen Kierper aus dem Weltraum. Mat der Physikerin Carol Eicher
Presentéiert vum
- Angie Maquil