Physik ass relax
/ De Ritschratsch Velcro ... eng glécklech Beobachtung aus der Natur
De Ritschratsch Velcro ... eng glécklech Beobachtung aus der Natur
11 min
Et kann een e séier oprappen an och erëm liicht zoumaachen. Besser bekannt ass de Ritschratsch als Klettverschluss oder Velcro. En ass u Jacketten, Schong, Sneakers, Täschen, Kostümer vu Pompjeeën, Rennfuerer an Astronauten. D'NASA war als éischt drun interesséiert, éier en an eisen Alldag koum.
D’Entwécklungsgeschicht vum Ritschratsch ass interessant, well si eis weist, wéi aus enger Beobachtung eng grouss Erfindung entstoe kann. Dacks, wann een duerch héicht Gras a Gestrëpp trëppelt, iergert ee sech duerno iwwer kleng, pickeg Bëmmelcher, déi an de Kleeder festsetzen, well et ass eng Heedenaarbecht, fir déi erëm lass ze kréien.
Déi kleng Bëmmelcher sinn d’Fruucht vun der Klettplanz, eng Planz, déi an der Bléi ausgesäit wéi eng Dëschtel. No engem Spadséiergank mat sengem Hond am Joer 1941 war de Schwäizer Ingenieur George de Mestral intrigéiert, wéi fest déi Kletten u senger Wollkleedung an och um Pelz vum Hond gehalen hunn. Hie war Elektroingenieur, awer als virwëtzege Mënsch a gudde Wëssenschaftler wollt hien dat verstoen. Hien huet der puer ënner dem Mikroskop ënnersicht. D’Uewerfläch ass net mat riichte Stachele bedeckt, mee mat Stachelen, déi um Enn liicht gebéit sinn an d’Form vu klenge Kreepercher hunn. Si sinn esou elastesch a stabil, datt se net futti ginn, wa se lass gerappt ginn. D'Konzept vum Velcro ass schonn 80 Joer al!
Episoden
Wéi geet ee mat Schrott an Offall am Weltraum ëm?
Satellitten an Transporter produzéiere Schrott. Weltraumstatiounen Offall.
Europäesch Olympiad fir experimentell Wëssenschaft
45 Teams aus 23 Länner
Liewen an der ISS, der Internationaler Raumstatioun
D'Auswierkungen op de Mënsch, wann e länger Zäit am Weltraum verbréngt, a wat een dorauser léiere kann.
Fusioun - eng alternativ Energiequell
D'Verschmëlze vun Atomkären wéi dat an der Sonn geschitt, ass eng Perspektiv fir eng alternativ Energiequell. Ass dëst op der Äerd realiséierbar?
Faszinatioun Piano
Historesches a Physikalesches zum Piano Day 2024
Am 12 Stonnerhytmus an ëmmer pënktlech: Ebbe a Flut
Wéi entstinn Ebben a Flut?
Sonnestierm a Polarliichter
Auswierkunge vu Sonneneruptiounen op der Äerd
2024, e Joer mat maximaler Sonnenaktivitéit
Eng grouss Sonnenaktivitéit dëst Joer: Wat geschitt do op der Sonn?
Wat fir eng Faarf huet de Schnéi?
Schnéi erschéngt a ville Faarwen: blo, gro, wäiss, giel, orange, jee nodeems wéi e beliicht gëtt.
Destinatioun Mound .... vum Dram zur Wierklechkeet
Firwat ass et esou schwéier um Mound ze landen? Wisou ginn erëm méi Expeditiounen op de Mond gestart?
An de Bierger sinn déi physikalesch Bedéngungen aaneschters
Keelt, dréche Loft, manner Loftdrock, stramme Wand, propper Atmosphär, méi UV-Stralung a Fluoreszenz, méi Schnéi, Äis a Räif, immens Rou, schéine Stärenhimmel, alles Physik!
Wisou kritt enn heinsdo am Wanter eng gewéitscht?
Firwat knistert a funkt et, stinn engem Hoer zu Bierg wann een am Wanter e Pullover ausdeet? Wéini a firwat kann dat geschéien?
Wisou rutscht een op Schnéi an Äis?
Neisten Erkenntnisser no soll eng ganz dënn Couche aus Waasser a labberen Äiskristallen e perfekt Schmiermëttel sinn. Déi Äiskristalle rullen an dem Gemësch nämlech änlech wéi d’Kugelen an engem Kugellager.
Solarthermie
Wéi funktionéiere Sonnekollektoren?
De Ritschratsch Velcro ... eng glécklech Beobachtung aus der Natur
Wéi funktionéiert de Velcro? Wéi kënnt et vun der Beobachtung zu engem brauchbare Produkt?
Physik an der Kichen
Wat huet Physik mam Kache vu Kniddelen ze dunn?
Fotovoltaik: Strale rappen Elektronen lass!
Fotovoltaik, oder Solarzellen wandelen Sonnenenergie an elektresch Energie ëm.
Späizmännercher, Schampes a Glitzer
Wéi faszinant d'Physik vu Späizmännercher a Schampes ka sinn!
Wou kënnt d'Sonn un hir Energie?
Sonnenenergie duerch Verschmëlze vu Waasserstoff zu Helium
- 1
- 2