Physik ass relax
/ Omelette Norvégienne mat engem Espresso: Desserte fir d'Feierdeeg aus dem Bléck vun der Physik
Omelette Norvégienne mat engem Espresso: Desserte fir d'Feierdeeg aus dem Bléck vun der Physik
14 min

Dës Kéier bake mir an der Serie Phsysik ass relax a loossen e gudden Espresso duerch d'Maschinne lafen:
Ee vun de beléifsten Desserte fir Hochzäiten, eng kleng Tiesschen, déi ëmmer passt a Späizmännercher fir dat neit Joer: Baked Alaska, besser bekannt als Omelette Norvégienne, huet näischt mat Omelette a mat Norwegen ze dinn. Wéi koum et zu deem Numm? Den Dessert ass mat de Joren a Vergiessenheet geroden, mee kann als Ursprong vun der molekularer Kichen ugesi ginn. D’Physik hëlleft ze verstoen, wéi et méiglech ass an engem Plat gläichzäiteg wotlech-waarm a kal Deeler ze genéissen.
Wéi funktionéiert déi klassesch Mokka-Espressosmaschinn, déi een op Kachplack setzt fir e gudde Kaffi beim Dessert ze genéissen? An da gëtt den Dessert nach mat engem klenge Späizmännchen dekoréiert. Firwat dee gielseg-wäiss Fonke späizt läit a senger Zesummesetzung.
Alles dat erkläert d’Physikerin Carol Eicher.
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden

Et ass fiicht dobaussen
Relativ Loftfiichtegkeet am Wanter: Héich dobaussen an niddereg an den Haiser

Solarstierm, Rekordbriecher a Parker Solar Probe
D’Sonn bleift gréisstendeels e Geheimnis. D'Parker Solar Sond huet Rekord-Miessunge gemaach fir besser ze verstoen, wéi ënnerschiddlech Phenomeener wéi Solarstierm entstinn ënner extreemen Temperaturbedingungen.

Et ass mir kal!
Wéisou hale Kleeder waarm?

Gesinn a gesi ginn!
Nieft Fluoreszenz gëtt et Phosphoreszenz, Chemi - a Biolumineszenz. Wat ënnerscheet se, wat hunn se gemeinsam? Wou ginn se agesat ? A wat ass eigentlech kaalt Liicht?

Gesi ginn a gesinn
Wat bedeit siichtbar sinn, gesi ginn? Wéi gesi mir? Wat heescht réckstralend? Wat ass Fluoreszenz? 1/2

2025: Internationaalt Joer vun der Quantewëssenschaft an Technologie
Firwat huet UNO dëst Joer zum Internationale Joer vun der Quantephysik deklaréiert? Wat maache fir dem Public dës grondleeënd Wëssenschaft méi no ze bréngen? Wéi een Impakt huet si op eist Liewen? -2/2

2025: Internationaalt Joer vun der Quantewëssenschaft an Technologie
Firwat huet UNO dëst Joer zum Internationale Joer vun der Quantephysik deklaréiert? Wat maache fir dem Public dës grondleeënd Wëssenschaft méi no ze bréngen? Wéi een Impakt huet si op eist Liewen? -1/2

Omelette Norvégienne mat engem Espresso: Desserte fir d'Feierdeeg aus dem Bléck vun der Physik
Wotlech a kal gläichzäiteg, Baked Alaska ass en Dessert, deen een als Ursprong vun der molekularer Kiche kéint gesinn. Wat ass d’Physik hanner dësem Dessert?

Zänn aus dem Bléck vun der Physik
Eist Gebëss, zwee Hiewelen, ënnerschiddlech Kräften, dee selwechten Drock

Wat ass Nano...technologie? - 3/3
Firwat ass de Knätsch esou wäiss, Kakaospudder esou einfach ze schëdden? Kann Nanotechnologie an der Energiegewënnung, der Medezin hëllefen? Déi rasant Entwéckelungen reegen och zum Nodenken un.

Wat ass Nano ...technologie? - 2/3
Wat de Richard Feynman 1959 an enger Konferenz beschriwwen huet war keng Science Fiction, éischter eng Visioun! Wat gouf Wierklechkeet? Wéi wéit si mir haut, wann et dorëms geet nanogrouss Deelercher ze ënnersichen?

Autofueren huet mat Physik ze dinn
Trägheit/Inertie a Beweegungs-Verännerungen vun Auto a Passagéier

Wat ass Nano...technologie? - 1/3
Nano: vill zitéiert, awer net ëmmer kloer oder am falsche Kontext. De Begrëff ass enk gebonnen un d'Gréisst vun Objeten.

Jesus Christus Eidechs
Explikatioune iwwer een Déier, dat iwwer d'Waasser lafe kann. Et ka Kapp héich iwwer d’Waasser sprinten.

Reesziel EUROPA, Mound vum Jupiter
Sinn Bedingungen um Jupitermound Europa gënschteg fir eventuell Entstoe vu Liewen oder Zeeche vu fréierem Liewen ze fannen?

Bim bam biren, d’Klacke lauden zu Schieren...
Iwwert de Klang vun de Klacken.

Mam JUICE Richtung Jupiter
Aacht Joer dauert Rees vun der Sond JUICE (Jupiter Icy Moons Explorer) bis bei de Jupiter. Wat sinn Eegenschafte vum Jupiter a wat sinn d'Erausfuerderunge fir bis dohin ze kommen?

Mat engem Staf iwwer 6m héich sprangen
Den Armand Duplantis huet zu Paräis op den Olympesche Spiller en neie Weltrekord vollbruecht. Hien huet d'Héicht vu 6m25 iwwersprongen an huet säin eegene Weltrekord gebrach.

Hei Atomwaffen, do Atomzentralen
Gemeinsamkeeten an Ënnerscheeder vun Atomwaffen an Atomzentralen
