Physik ass relax
/ 2025: Internationaalt Joer vun der Quantewëssenschaft an Technologie
2025: Internationaalt Joer vun der Quantewëssenschaft an Technologie
11 min
Quantephysik ass fir vill obskuer an onverständlech, fir anerer faszinant. Haut profitéiere mir vun engem bessere Verstoe vun Naturphenomeener um Niveau vum Atom an den Elementardeelercher mat Magnéitresonanz an der Medezin, Beliichtungstechnik mat LEDen, Solarzellen, Dronen, ëmmer méi grouss Späicheren a Rechekapazitéit vu Computeren a weltwäiter Kommunikatioun. Dat huet och en enormen Impakt global op Ekonomie a Liewensqualitéit, Klima, Energie, Ernärung, an op d’Zil fir proppert Waasser fir all Mënschen.
Virun 100 Joer gouf déi bis haut acceptéiert Formulatioun vun der Quantentheorie vu Wëssenschaftler wéi Werner Heisenberg, Erwin Schrödinger, Paul Dirac entwéckelt. Et gëllt elo den nächste Generatiounen an de Schoulen a jidderengem, dee virwëtzeg ass ze weisen, wéi Quantewëssenschaft hëlleft d’Natur ze verstoen, wéi technesch Innovatiounen doraus entstoe kënnen. Wéi eng Mëttele kann een asetze fir Quantewelt méi verständlech ze maachen? Explikatioune mat der Physikerin Carol Eicher
Presentéiert vum
- Angie Maquil