Physik ass relax
Et ass mir kal!
13 min
Den Iwwergang vu Wäermt vun eisem Kierper op d’Ëmwelt geschitt duerch Leedung, Konvektioun a Stralung vu Wäermt. Geschitt dësen Iwwergang ze séier, da gëtt et eis kal.
"Besonnesch am Sport dobaussen, wann et kal ass a wann ee vill schweesst, sinn e puer dënn Couchë vu Virdeel. Tëschent de Couchen ass vill Loft ageschloss, wat de Verloscht vu Wäermt duerch Leedung kleng hält. Déi eenzel dënn Couchë ginn de Schweess och besser no bausse weider. Dat soll d’Haut an déi banneschte Couchë méi dréchen halen. Eng plätschnaass Couche leet nämlech d’Wäermt gutt, an da gëtt ee kal."
Explikatioune vum Physiker Andrée Mousset
Presentéiert vum
- Angie Maquil