De Waasserdamp ass e wichtege Bestanddeel vun der Loft. Jee no Temperatur kann d’Loft vill oder wéineg Waasserdamp enthalen. Fir eist Wuelbefannen ass haaptsächlech déi relativ Loftfiichtegkeet relevant. Si dréckt aus, a wéi wäit d’Loft vum deem Zoustand ewech ass, wou hire Waasserdamp-Gehalt maximal ass, de sougenannte Sättigungs-Zoustand. A si bestëmmt ënner anerem, wéi séier d’Waasser verdonst.
Wat genee ass dee Sättigungs-Zoustand? A wat heescht et genee, wann et fiicht dobaussen ass?
Den André Mousset ass am Studio an weist nees, datt Physik relax ass.