De beschten Zäitpunkt fir e Bam ze planze war virun 20 Joer. Den zweetbeschten ass elo!
Bei der Campagne e Bam an d‘Gewan engagéiert d‘Stëftung Hëllef fir d’Natur sech schonn zanter méi wéi engem Joerzéngt Beem an der Lëtzebuerger Landschaft ze planzen. Wéi dat genee ofleeft, a firwat dat iwwerhaapt néideg a wichteg ass, erkläert de Michel Frisch vun natur&ëmwelt.