Physik ass relax
An de Bierger sinn déi physikalesch Bedéngungen aaneschters
10 min
firwat hëlt d’Lofttemperatur an der Atmosphär no uewen hin of? Dat hänkt direkt zesummen, domat, dass de Loftdrock no uewen hin ofhëlt. D’Ursaach vum Loftdrock ass jo d’Gewiicht vun der Loft iwwer eis. Wat mer méi héich an der Atmosphär erop klammen, wat manner Loft iwwer eis ass, déi deementspriechend manner Gewiicht huet, a manner fest op eis dréckt. D’Loft gëtt méi “dënn”, wéi mer soen.
Wéi ass et dann mat der Otemnout an der Héicht?
Op 2000 Meter spiert ee net vill, op 4000 spiert een et scho gutt. Fir op 6000 Meter erop ze goen, sollt een, der Gesondheet zu Léif, eng Akklimatatiouns-Phas vun 2 bis 3 Wochen maachen.
Ok, zeréck zur Temperatur. Firwat ass et méi kal an der Héicht?
Wann de Wand elo duerch d’Bierger bléist, da muss d’Loft jo dem Profil vun de Bierger follegen, et geet also erop an erof mat der Loft. All Kéiers, wann d’Loft erop geet, dréngt se a Schichten mat méi klengem Loftdrock, si gëtt also manner fest zesumme gedréckt, dat heescht, si geet auserneen, si entspaant sech. An all Kéiers, wann si erof geet, da kënnt se a Géigenden, wou den Drock méi grouss ass, an si gëtt méi zesumme gedréckt.
den André MOusset ass live am Studio.
Episoden
Wou kënnt d'Sonn un hir Energie?
Sonnenenergie duerch Verschmëlze vu Waasserstoff zu Helium
Wënsch der eppes..Stäreschnäizen, Koméiten a méi
Asteroiden, Meteoritten, Koméiten? Wat hunn se gemeinsam? Wat ënnerscheet se?
Sonnestralen, eng Kombinatioun aus Elektrizitéit a Magnetismus
Aus wat besti Sonnestralen?
Kleeder a Lotusblummen
Planzen, Lotusblummen: Virbild fir modern Kleedung
Wandrieder, Seegelbooter a Villercher: D‘Aerodynamik muss stëmmen!
Wéi ginn d’Wandrieder ugedriwwen?
Liewensretter Damp- a Feiermelder
Wéi fonktionéiere modern Feiermelder?
Wärmepompel
Wéi funktionéiert eng Wärmepompel?
Mikrowell an elektromagnéitesch Wellen
De Fonktionement vun enger Mirowell
Vun elektreschen Zännbiischten bis bei d’Wäschmaschinn
Wéi funktionéiert en Elektromotor?
Kale Kaffi a waarm Zopp
Physikalesch Gesetzer a mathematesch Modeller.
Altweibersummer
Den “Altweibersommer” ass eng summerlech Wiederperiod am Hierscht, mat kalen Nuechten a waarmen Temperaturen am Dag mat vill Sonn.
D'Aerodynamik vun den Zuchvullen
Firwat fléie verschidden Aarte vun Zuchvullen an enger V-Formatioun?
Den Hierscht huet ugefaangen
Hierschtufank, Längt vun Dag an Nuecht, Joreszäiten. E bëssen Astronomie
Schwong op der Schueberfouer
Beschleunegungen op der Achterbunn an um Rotor
Barbe à papa: wäiss, gréng, rosa, liicht a fluffeg wéi Watt
Wéi kann aus engem feste Stéck Zocker eng fluffeg Zockerwollek entstoen?
- 1
- 2