arrow_back_ios
Dagdeeglech
65 Joer fir de Ranga Yogeshwar
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Als Bouf vun engem Inder an enger Lëtzebuergerin koum de Ranga Yogeshwar den 18. Mee 1959 an der Stad Lëtzebuerg op d‘Welt. No senger Première am Lycée Classique zu Dikrech huet hie Physik an Astrophysik an Däitschland studéiert. No éischte berufflechen Experienzen an der Schwäiz koum hien 1987 bei de WDR zu Köln, wou hien am Ufank Emissioune mam Jean Pütz gemaach huet a spéider verschidde Wëssenschaftssendunge selwer gemaach a presentéiert huet.