arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 68 Joer stierft den Jack Müller
headphones
3 min
Lauschteren
play_arrow
Den 23. Oktober 1881 zu Esch-Uelzecht gebuer, wandert de Jacques, genannt Jack Müller am Joer 1900 an d’Vereenegt Staate vun Amerika aus, wou hie Kontakt mat der Molerei kritt an als Dekorateur forméiert gëtt. Hie war och begeeschtert vun der Technik, wollt een eegene Fliger bauen, mee wéinst Manktem u Sue sollt doraus näischt ginn. Als Dekorateur a Moler huet hien an zwou amerikanesche Kathedrale wéi och zu Lëtzebuerg op verschiddene Plaze geschafft.