arrow_back_ios
Dagdeeglech
Vu viru 65 Joer un, gouf all Dag Lëtzebuergesch um Radio geschwat
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Den 19. Oktober 1959 goung et domat lass, dass all Dag Lëtzebuergesch um Radio geschwat gouf. Deen Dag, Mëttes um 12 Auer, goung Radio Lëtzebuerg Op Sendung, dat op UKW am Kanal 18. Gesent goufen deemools an der Woch all Dag fënnef an eng hallef Stonn, a Sonndes ganzer 12 Stonnen. Am Laf vun de Joerzéngte goufen d‘Zäiten ausgebaut an zanter 1996 huet RTL Lëtzebuerg ee 24 Stonne-Programm.