arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 109 Joer koum de Georges Kayser op d'Welt
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
De Lëtzebuerger Paschtouer an Altertumsfuerscher koum de 25. Januar 1916 zu Péiteng op d‘Welt. Nom Zweete Weltkrich war hie Kaploun zu Nidderkuer a vun 1956 u Paschtouer zu Nouspelt. Seng Passioun war d‘Altertumsfuerschung. Sou huet hien zu Nouspelt an Ëmgéigend iwwer vill Joren archeologesch Aarbechten zesumme mat e puer Fräiwëllege gemaach, dat bis zu sengem Dout de 4. September 1988. Vir seng archeologesch Aarbecht virun ze féieren huet sech kuerz drop de Veräin „d‘Georges Kayser Altertumsfuerscher“ gegrënnt.