Ville gouf de Jean Pütz viru Joerzéngte bekannt duerch seng Tëlee-Emissioun Hobbythek op der ARD. Den Däitsch-Lëtzebuerger Wëssenschaftsjournalist war no Etüden an der Noriichtentechnik, der Physik, der Mathé, der Soziologie an der Ekonomie wärend 30 Joer beim WDR, wou hien et bis zur Direktioun vun der Redaktioun Naturwëssenschaft an Technik gepackt huet. Parallel zu der “Hobbythek“ huet de Jean Pütz Bicher zu den Theemen aus där Tëlee-Emissioun erausginn. De Jean Pütz, dekoréiert mam Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg, feiert haut seng 88 Joer.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
88 Joer fir de Jean Pütz
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min