SIAS steet fir Syndicat intercommunal de l'assainissement du bassin hydrographique de la Syre.
De SIAS gouf de 7. März 1974 gegrënnt mam But d’Ofwaasser vun de Gemenge Contern, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter ze klären. Dofir sollt eng Kläranlag zu Iwwersiren gebaut ginn. E bësse méi spéit koum dunn och d’Gemeng Weiler mat hirer Uertschaft Siren derbäi.
Zanter enger éischter Statutenännerung 1989 ass d’Syndikat awer e Syndicat à vocation multiple. Detailer iwwer de SIAS a wéi dëst Joer Gebuertsdag gefeiert gëtt, erkläert de Patrick Olinger, Secretaire vum SIAS.