Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Cardigans - Lovefool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wien ass den Aristides de Sousa Mendes?

Zweete Weltkrich

Wien ass den Aristides de Sousa Mendes?

Lëtzebuerg assuméiert bis de 5. Mäerz 2020 d'Presidence vun der International Holocaust Remembrance Alliance, kuerz IHRA. Well Portugal e relativ neie Member bei der IHRA ass, presentéiert den Nationalarchiv bis den 22. Februar d'Ausstellung "Aristides de Sousa Mendes - un consul portugais entre la conscience humaine et la raison d'État", an där et ënner anerem ëm d'Relatiounen tëschent Lëtzebuerg a Portugal am Zweete Weltkrich geet.

auto_stories

4 min

Fotomontage: Carlo Link

Den Aristides de Sousa Mendes a säin Zwillingsbrudder César goufen 1885 an Nordportugal an eng konservativ kathoulesch aristokratesch Famill gebuer. De Papp war Member vum Ieweschte Geriichtshaff a seng béid Filssen hunn erfollegräich Droit zu Coimbra studéiert, sinn dono bei de portugiseschen Ausseministère gaangen.

Den Aristides war als Konsul fir Portugal, mat senger Fra plus senge 14 Kanner, déi hien als seng Bijoue bezeechent huet, bal an der brittescher Guyanne, bal a Galizien, dono op Zanzibar, a Brasilien, zu San Francisco, zu Antwerpen, wou hie sech anscheinend besonnesch wuel gefillt huet a vun 1938 zu Bordeaux stationéiert.

"De Schindler vu Portugal"

Déi franséisch Stad war séier vu Krichsflüchtlingen iwwerlaf, déi iwwer Portugal an Iwwerséi emigréiere wollten an dofir vum portugisesche Konsul e Visa gebraucht hunn. De Philolog a Lëtzebuerger Enseignant Jeff Baden huet sech intensiv mam de Sousa Mendes senger Biografie befaasst, déi hien zanter e puer Joer op Konferenze presentéiert.

"Den Dr. Aristides de Sousa Mendes, 1885-1954, huet am Laf vum Zweete Weltkrich als portugisesche Konsul ëm déi 30.000 Mënschen vun den ënnerschiddlechsten Nationalitéiten, dorënner och no bäi 10.000 jüddesch Flüchtlingen, virum sécheren Doud gerett, andeems hien hinnen illegal Visaen ausgestallt huet. Dowéinst gëtt hien, sécherlech och mat Recht, als 'de Schindler vu Portugal' bezeechent, well seng Verdéngschter deene vu sengem däitsche Pendant, net nëmmen an näischt nostinn, mee zueleméisseg esouguer bei Wäitem iwwertreffen. Dobäi ass et tragesch, datt grad dee Mann, deen esou ville Leit duerch säin oneegennëtzegt a couragéiert Handelen d'Liewe gerett huet, spéider selwer juristesch verfollegt a berufflech wéi privat komplett an de Ruin geroden ass."

De Jeff Baden war och am Conseil scientifique fir d'Ausstellung am Nationalarchiv. Nieft villen Texter an Zäittafele goufe fir d'Expo historesch Dokumenter, Fotoen, Videoe vun Zäitzeien, déi ënner anerem vun der 2010 gegrënnter Sousa Mendes Foundation an Amerika gesammelt ginn, mee och perséinlech Bréiwer, zesummegedroen.

D'Flucht an d'USA

Zum Beispill vum groussherzoglechen Haff an deemolege Regierungsvertrieder. Well och fir hir Flucht virun den Nazie blouf 1940 just de Wee iwwer Portugal esou de Jeff Baden:

"En neit Zil war elo d'Route iwwer Spuenien a Portugal, wou wéinst de familiäre Liene vun der groussherzoglecher Famill mat der Dynastie vun de Braganza Hëllef ze erwaarde war. An der Casa de Santa Maria, an der klenger Küstestad Cascais, hunn d'Grande-Duchesse Charlotte an de Prënz Felix mat hire Kanner de Summer 1940 verbruecht. Zil war Iwwerséi: de Franklin D. Roosevelt ass perséinlech intervenéiert, fir de Prënz Felix, d'Prënzen an d'Prinzessinnen um Kreuzer USS Trenton 1940 vu Lissabon an d'USA ze bréngen. D'Groussherzogin ass an enger éischter Phas nach a Portugal bliwwen, si ass awer e puermol op London geflunn, wou si Gaascht vun der kinneklecher Famill war; an där Zäit huet si allerdéngs do en etlech Bombardementer misse materliewen. Ouni déi vum Aristides de Sousa Mendes zu Bordeaux ausgestallte Visae wier den Exil vun der groussherzoglecher Famill mat der Regierung aus dem besaten Europa jiddefalls onméiglech gewiescht."

D'Membere vun der groussherzoglecher Famill waren net déi eenzeg Lëtzebuerger, déi den Aristides de Sousa Mendes zu Bordeaux gerett huet, mee déi bekanntst. Prominenter aus anere Länner waren zum Beispill de Salvador Dalí a seng Fra Gala. Oder d'Hamburger Kannerbuchauteure Margret an H.A. Rey, déi mam Manuskript vum "Curious George", den Af, dee spéider eng Kultfigur gouf, ënner dem Aarm, op der Flucht waren.

Géint de Vergiess a fir Zivilcourage

Wéi dunn de portugiseschen Diktator Salazar mat senger Circulaire 14 d'Zuel vun de Visae 1940 op eemol drastesch reduzéiere wollt, huet den de Sousa Mendes sech net un d'Reglement gehalen, esouguer nach Päss gefälscht. Doropshin huet de Salazar de Konsul onéierenhaft entlooss, e verklot, him seng Approbatioun als Affekot entzunn, d'Pensioun gestrach.

Den Aristides de Sousa Mendes krut zu Liefzäite kee Fouss méi op de Buedem. Eréischt seng Kanner hunn erreecht, datt hien Enn der 1980er, natierlech vill ze spéit, rehabilitéiert gouf.

D'Expo am Nationalarchiv ass eng weider reusséiert Initiativ géint de Vergiess a fir Zivilcourage.