Radioen

On air

Notturno  |  The Choppy Bumpy Peaches - Gugu

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Mouvement écologique weist sech enttäuscht iwwert de Vott vun den CSV- an DP-Europadeputéierten

Biodiversitéitsschutz

Mouvement écologique weist sech enttäuscht iwwert de Vott vun den CSV- an DP-Europadeputéierten

De Mouvement écologique bedauert, datt am Europaparlament d'Europadeputéiert vun der CSV an der DP am Kontext vun der europäescher Agrarreform fir eng Propos vun der Kommissioun gestëmmt hunn. Dem Mouveco no géingen doduerch Ëmweltoplage fir de Biodiversitéitsschutz weider staark ofgeschwächt ginn.

auto_stories

1 min

Blanche Weber | © Jo Diseviscourt
Foto: Jo Diseviscourt

Dëser „massiver Verschlechterung“ hätte véier Lëtzebuerger Parlamentarier zougestëmmt: D‘Martine Kemp an Isabel Wiseler-Lima vun der CSV, de Charles Goerens vun der DP, an d‘Monica Semedo fir Fokus. Fir dës Parteie wäert et dem Mouveco no schwéier ginn, an den Europawalen ze vermëttelen, datt si fir méi Naturschutz sinn.

Déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz an de Marc Angel vun der LSAP hu gëscht géint déi nei Propos gestëmmt.