Radioen

On air

Notturno  |  Os Mutantes - Tudo Foi Feito Pelo Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ De Staatsbudget 2024 gouf gestëmmt

No de Chamberdebatten

De Staatsbudget 2024 gouf gestëmmt

De Staatsbudget 2024 gouf de Mëtteg wéi erwaart mat de 35 Stëmme vun de Majoritéitsfraktiounen CSV an DP gestëmmt. Déi 25 Vertrieder vun der Oppositioun hunn dogéint gestëmmt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chamber

Virun deem Vott hat de Finanzminister Gilles Roth sech iwwerrascht iwwert d’Schwaarzmolerei an de Budgetsdebatte gewisen. D’Regierung géif op Wuesstem setzen: ouni kéint ee sech de gewënschte Sozialstaat net leeschten, esou de Minister a senger Reaktioun op d’Kriticke vun der Oppositioun.

D’Oppositioun hat de Mëttwoch ënner anerem kritiséiert, d’Regierung géif mat dësem Budget eng “Wett op de Wuesstem” maachen. Och dorop huet de Minister Gilles Roth haut reagéiert.

Dat Wichtegst wier, datt den Defizit vum Gesamtstaat manner héich ausfält, wéi nach bei de Koalitiounsverhandlungen ugeholl gouf. De Gilles Roth geet dovun aus, datt d’Staatsschold an den nächste Jore bei ënner 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung bleift. Hien ass dogéint eng Scholdebrems an d’Verfassung anzeschreiwen.

"Wichteg ass, datt mer deen Defizit erof geschrauft hunn, an trotzdeem d’Kafkraaft vun de Bierger mat Steieradaptatiounen erhalen hunn. Datt mer trotzdeem ee substantielle Pak maachen am Wunnengsbau, datt mer trotzdeem den Effort de défense kuerzfristeg an d’Luucht gesat hunn."

Gilles Roth: Keng weider Informatiounen iwwer Bauentreprisen a Schwieregkeeten

Den CSV-Finanzminister huet iwwerdeems keng nei Informatiounen iwwer Betriber aus dem Bausecteur, déi a Schwieregkeete sinn. De Gilles Roth hat de Mëttwoch nach an der Chamber gemengt, “verschidden Entreprisë géife riskéieren nach dës Woch schlecht Annoncen ze maachen”.

Op Nofro hi sot de Gilles Roth eis haut, hien hätt domat Tarkett gemengt. Vun aneren Entreprisë wéisst hien näischt. D’Gewerkschaften haten de Mëttwoch Moie scho virun der Ried vum Minister annoncéiert, datt d’Entreprise Tarkett wéilt ronn e Véirel vun hirem Personal entloossen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft