Radioen

On air

Notturno  |  V/Z - Habadash Feat. Cathy Lucas

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Georges Mischo: Virgoe bei Tarkett "bedauerlech an inakzeptabel"

126 Aarbechtsplaze stinn um Spill

Georges Mischo: Virgoe bei Tarkett "bedauerlech an inakzeptabel"

D'Firma Tarkett huet Wëlles, 126 Aarbechtsplazen op hirem Site zu Lentzweiler bei Klierf ze sträichen. D'Gewerkschaften haten d'Direktioun vun der Entreprise scho kritiséiert. An och den Aarbechtsminister Georges Mischo huet an enger éischter Reaktioun net mat Kritik gespuert.

auto_stories

3 min

Foto: Jo Diseviscourt

“D’Manéier, wéi hei virgaange gëtt, ass bedauerlech an inakzeptabel, well de Sozialdialog gouf ënnergruewen.” Sou huet den Aarbechtsminister op d’Annonce vun der Firma Tarkett reagéiert, déi 126 Leit entloosse wëll. Dës Leit wéissten elo net, wéi et weidergeet, sot de Georges Mischo, deen en Dënschde mat der Direktioun schwätze wëll.

"Wou mir natierlech mat allem, wat mir hunn, probéieren, déi Leit an der Aarbecht ze halen. Dat ass den Haaptobjektiv vu mir als Aarbechtsminister."

D'Reaktioun vum Georges Mischoplay_arrow

Virun engem Mount stoungen nach keng Aarbechtsplazen um Spill

D’Mandy Noesen vum LCGB an den Alain Rolling vum OGBL hunn ervirgehuewen, datt eréischt virun engem Mount bei Tarkett e Plan de maintien dans l’emploi ënnerschriwwe gouf, deen och vum Minister Mischo homologéiert ginn ass. D’Direktioun hätt du gesot, et stéinge keng Aarbechtsplazen um Spill, sou d’Mandy Noesen, an et wieren aner Mesurë méiglech, wéi op e Sozialplang ze setzen. 

D’LCGB-Vertriederin gesäit et sou, datt de Betrib vum System profitéiert. Dat zu Laaschte vum Steierzueler. Si wënscht sech d'Ënnerstëtzung vum Minister, fir datt eng Léisung fonnt gëtt, fir souvill Leit wéi méiglech am Betrib ze halen. Bei de Salariéë wier d’Angscht op alle Fall grouss, fir hir Aarbecht ze verléieren.

"Do si Leit dobäi, déi hunn e gewëssenen Alter, déi kënnen nach net an d’Pensioun. Wa se eng aner Aarbecht misste sichen, ass et schwéier, fir eng ze fannen. Do si Leit dobäi, déi si méi jonk, déi eréischt hir Prêten ofgeschloss hunn, an déi gemengt haten, si hätten elo eng Plaz a si kéinten sech eppes opbauen."

Iwwerraschten a rose Salariéen

Den Alain Rolling huet de Minister ganz kloer op der Säit vun de Salariéë gesinn a sech hannert d’Liicht gefouert gefillt, datt net mat oppene Kaarte gespillt gi wier. De Georges Mischo wier rosen iwwer déi Annonce vun der Direktioun. Et hätt een als Gewerkschaften e Méinden eng Reunioun mat der Direktioun, bei där een awer refuséiere géif, fir iwwer e Sozialplang ze diskutéieren.

Wann d’Direktioun dat wéilt, géif een net dohi goen, an de Minister sollt der Direktioun en Dënschden op d’Fangere klappen. D’Salariéë wieren iwwerrascht, rosen a frustréiert, seet den OGBL-Vertrieder.

“Natierlech, do stellen d’Salariée sech ganz, ganz vill Froen, well d’Salariéen hunn ëmmer hirt Bescht gi bei Tarkett. Si hu flexibel geschafft. Si hunn ëmmer alles gemaach, wat d’Firma hinnen ordonéiert huet. An elo solle si da bestrooft ginn an da virun d’Dier gesat ginn."

D’Salariéë géife sech Äntwerte vun der Direktioun a vum Minister erwaarden. Si hätte gehofft, datt wéinst dem Plan de maintien dans l’emploi hir Aarbecht erhale bléif.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft