Radioen

On air

Notturno  |  Bartleby Delicate - Winter's Dark (Choir Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Gréng Luucht fir 48 nei Infrastrukturprojeten

Eestëmmeg an der Chamber ugeholl

Gréng Luucht fir 48 nei Infrastrukturprojeten

Vu Contournementen iwwer een neie Kongress-Park bis hin zu enger neier Struktur fir Asyldemandeuren: Ganzer 48 gréisser Infrastrukturprojete goufen an der Chamber presentéiert.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

D’Chamber huet eestëmmeg gréng Luucht gi fir eng Motioun, an där d’Planung vun 48 Infrastrukturprojeten opgelëscht gëtt.

Iwwert de Fond des routes ginn ënner anerem d'Contournemente vun Ettelbréck a vun Dikrech an eng zweet Zougangstrooss fir den Härebierg ernimmt. Och d’Steierverwaltung kritt een neit Gebai um Kierchbierg. Um Site vun der Luxexpo entsteet iwwerdeems een neien Expo- a Kongress-Park.

Weider markant Projete sinn de Bau vun enger neier Struktur fir Asyldemandeuren zu Diddeleng an een Internat fir Grondschoulschüler am Rollengergronn.

All eenzelen Infrastrukturprojet mat engem Käschtepunkt vu méi ewéi 60 Milliounen Euro muss dann dono iwwer ee Gesetz gestëmmt ginn, wann den Detail vun de Budgete bis berechent gouf.

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft