Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Villa Romaine

Muséeën iwwer Bierg an Dall

Villa Romaine

D'Réimesch Villa zu Iechternach gouf ëm d'Joer 60 no Christus gebaut a stoung bis an d'fënneft Joerhonnert do. 1975 bis 1976 goufen d'Iwwerreschter ausgegruewen, zanter 1989 sinn d'Terrainen als nationaalt Monument klasséiert.

auto_stories

2 min

D'Fëllementer an d'Iwwerreschter goufen 1975 bis 1976 vum Service des sites et monuments nationaux ausgegruewen an ausgewäert, nodeems se bei den Terrassementsaarbechte fir de Séi fräigeluecht a bal mat ewechgebaggert gi waren. 1988 an 1989 goufen d'Terraine mat der Villa als Nationaalt Monument klasséiert.

De Geschichtsmusée ass haut de Gestionnaire vun der Réimervilla, wou d'Martine Wielkowolsky Guide ass. Et handelt sech ëm eng Luxusresidenz mat zwee Stäck a bis zu 70 Zëmmeren um Rez-de-chausée, zielt si. Un de Mauere war Marber, deen zum Deel aus Italie komm ass, d'Biedem vu verschiddenen Zëmmere ware mat Mosaik dekoréiert an d'Zëmmeren haten eng Buedemheizung.

D'Gebai war duerch en Haff mat engem Baseng an zwéi symmetresch Flilleke gedeelt. D'Haaptgebai hat eng Fläch vun 118 Meter op 62 Meter. Ronderëm de Prunksall an der Mëtt, goufen et Kummeren, Kichen a Buedzëmmeren. Lénks a riets un d'Haaptgebai ugebaut gouf et zwee méi kleng Bannenhäff.

Laanscht d'Mauer ronderëm gouf et och Wiertschaftsgebaier, a Loftopnamen no gouf et och e bësse méi wäit ewech aner Gebaier, wéi Ställ, Scheieren a Wunnenge vun de Sklaven. Héchstwarscheinlech goufen an dëser Villa Päerd geziicht, déi un d'réimesch Arméi verkaaft goufen. Am Laf vun de Joerhonnerten duerno gouf d'Gebai e puermol ëm- an ausgebaut.