Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Privat Sécherheetsagenten zu Ettelbréck: "Decisioun dierf een net iwwerbewäerten"

Zënter Dezember am Asaz

Privat Sécherheetsagenten zu Ettelbréck: "Decisioun dierf een net iwwerbewäerten"

Den Asaz vun Agente vun enger privater Sécherheetsfirma zu Ettelbréck wieren eng reng Preventiounsmoossnam, verséchert de Buergermeeschter Bob Steichen. Zënter Dezember sinn zu Ettelbréck Owes zwee Agenten vun enger Privatfirma ënnerwee. Där hirt Zil wier et awer net, d‘Police ze ersetzen.

auto_stories

1 min

headphones

12 min

Bob Steichen | © Morgane Weidig play_arrow
Bob Steichen (Foto: Morgane Weidig)

Lauschterenplay_arrow

Et dierft een déi Decisioun net iwwerbewäerten an och net an de Kontext vu Parteipolitik setzen, seet den LSAP-Buergermeeschter Bob Steichen. Fir hie wier et drëms gaangen, d‘Wuelbefanne vun den Awunner:innen ze verbesseren. 

D‘Policekommissariat zu Ettelbréck wier den Ament nëmmen op zwou Schichte besat. Grad Owes wéilt een dofir mat den zwee Agente vun der privater Sécherheetsfirma Presenz weisen, betount de Bob Steichen. Déi Decisioun wier och mat der Police ofgeschwat ginn.

Agenten hu keng Policegewalt

D‘Aufgab vun den Agente wier et deemno och just, der Police matzedeelen, wann hinnen eppes opgefall wier oder hinnen eppes matgedeelt gi wier. Si selwer hu keng Policegewalt, betount den Ettelbrécker Buergermeeschter. 

Bis Mee, Juni sollen d‘Sécherheetsagenten Owes am Asaz sinn. Vun do un soll d‘Policekommissariat da méi staark besat sinn.