De Benjamin Netanyahu ass den éischten auslännesche Regierungschef, dee vum Donald Trump am Wäissen Haus empfaange gëtt.
Parallel lafen och Diskussiounen tëscht de Mediateuren tëscht Israel an der Hamas fir déi zweet Phase vum Accord. Do ass virgesinn, fir déi lescht israeelesch Geisele fräizeloossen an definitiv d‘Enn vum Krich ze deklaréieren. Deen no der Attack vun der Hamas op israeeleschem Territoire, de 7. Oktober 2023 ugaangen ass.