Déi europäesch Verdeedegung steet am Mëttelpunkt vun enger Reunioun vun de Staats- a Regierungscheffen aus de 27 EU-Länner haut zu Bréissel. Et ass kee regulären EU-Sommet, mee eng "Retraite", op déi de Conseilspresident Antonio Costa invitéiert huet. An et ass déi éischt Reunioun op deem Niveau, op der ee sech exklusiv op d’Defense konzentréiert.
Éischt Zil: "EU muss méi selbstsécher an autonom ginn"
D’Verdeedegung wier eng vun de wichtegen Ambitioune fir d’Europäesch Unioun, sou de Premier Luc Frieden e Méindeg de Moie kuerz virun der Reunioun.
"Mir hunn eng aner geopolitesch Situatioun wéi virun zéng Joer. Mir hunn d'Ukrain, mir hunn Incidenten am baltesche Mier, mir hunn Amerika, wat an eng nei Richtung eventuell geet. Mir hunn eng enorm militäresch Ambitioun vu China an et ass an deem Kontext, wou ech mengen, datt et wichteg ass, datt mir soen, wat wëlle mir an Europa. Mir musse méi selbstsécher ginn, mir musse méi autonom ginn. Dat ass eis éischt Zil."
Fir dat ze erreechen, missten déi 27 EU-Länner zesummen hir Produktioun eropsetzen an och drop kucken, datt een dat Material, wat gebraucht gëtt, virun allem an Europa akeeft, sou de Premier. Jidderee sollt kucken, datt ee fir d’éischt regional a lokal akeeft.
"Ech war ni der Meenung, datt een sech soll ofschotten. Ech si géint all Protektionismus. Mee et ass awer net anormal, datt wa mer europäesch Saache produzéieren, datt mer déi och fir d'éischt bei eis kafen. Eng Rei Saache musse mer awer a wëlle mer och ausserhalb vun Europa akafen, och bei eisen amerikanesche Frënn. Fir eis bleiwen d'Amerikaner Frënn a Partner, och an der NATO."
Gemeinsam Scholden: Net um Ordre du jour
Verschidde Länner sinn dofir, datt d’Europäesch Unioun wéi an der Pandemie gemeinsam Scholde maache soll, fir een Deel vun den Depensë fir d’Defense ofzedecken.
D’Länner sollten d’éischt emol déi national Budgeten eropzesetzen, resuméiert de Premier déi Lëtzebuerger Positioun dozou. Eng ganz Partie, dorënner Lëtzebuerg, ma och grouss Länner ewéi Italien, Spuenien, Portugal oder d’Belsch wieren nach net beim Zil vun den zwee Prozent vum PIB fir d’Defense ukomm. Dat Zil misst d’éischt emol erreecht ginn.
Den Terme "Eurobonds", deen dacks fir gemeinsam europäesch Scholde gebraucht gëtt, hätt eng schlecht Reputatioun, datt dat wuel ni wäert Realitéit ginn, constatéiert de Luc Frieden. Dozou kéim, datt "et op d'mannst eng hallef Dose Länner gëtt, déi dergéint sinn". Wat Defense ugeet, kéint hie sech selwer virstellen, "datt een op enger limitéierter Aart a Weis och europäesch Sue fir esou eppes gebrauche kann".
EIB: Defense-Investitiounen net op Käschte vun anere Beräicher
Lëtzebuerg hat sech zesumme mat 18 aneren EU-Länner dofir agesat, datt d’Europäesch Investitiounsbank méi Suen an Defense-Projete stécht. D’Bank mat Sëtz zu Lëtzebuerg hat hire Budget an deem Beräich schonn zejoert däitlech eropgesat. De Gros vun de Sue goufen awer weiderhin a Projete ronderëm de Klimaschutz investéiert.
"Ech gesinn, datt d’Europäesch Investitiounsbank e Startkapital ka ginn, fir Investitiounen an der europäescher Defense ze kréien. Ech mengen net, datt dat op Käschte géif goe vun anerer Politicken."
Sot dozou de Luc Frieden.
Europäesch Arméi: "Kuerzfristeg net realisabel"
D’Iddi vun enger europäescher Arméi, fir déi sech de Premier am November zejoert op enger Ried am Collége de l’Europe zu Warschau staark gemaach hat, steet op dësem éischten europäesche Sommet iwwert d’Defense, och net um Ordre du jour. Hie wier sech bewosst, datt dat éischter “ee laangfristegt Zil ass, wat sécherlech net all Mënsch deelt”, sou de Luc Frieden zu Bréissel.
Kuerzfristeg ass dat selbstverständlech net realisabel. Dat ass éischter e laangfristegt Zil. Mee mir brauchen niewent der Bankenunioun brauche mer eng Verdeedegungsunioun. An dat solle mer haut dofir plädéieren.
Ee fäerdege Plang ass vun der vun der Reunioun vum Méindeg keen ze erwaarden, et géing drëm zoukënfteg Decisiounen ze präparéieren, hat et am Virfeld geheescht.
De Premier Luc Frieden vertrëtt op der Reunioun haut säin hollänneschen Homolog Dick Schoof, wëll dee krank ass an net op Bréissel komme konnt. Dat drëtt Benelux-Land, d’Belsch gëtt haut eng éischte Kéier vum neie Premier Bart De Wever representéiert.