Wéi stellt Dir Iech ee Liewen nom "natierlechen" Mënsch-Sinn vir? Mam Elon Musk sengem Neuralink soll et ganz einfach sinn, duerch een implantéierten Chip säi Bewosstsinn mam neie grousse Ganzen - dem Internet - ze verbannen an sech do selwer da bis op ëmmer an der Cloud ze späicheren.
Mee net nëmmen dat: Hien an aner Entrepreneuren - jo et muss een se sou nennen - verspriechen eng Optimiséierung vum Mënsch duerch d'technologesch Mëttel. Sou kann een déi leideg mënschlech, allze mënschlech feelerhaft Konstitutioun vun eis all korrigéieren, verbesseren an all desagreabel Aspekter vum Mënsch-Sinn iwwerwannen.
D'Natur iwwerwannen?
Vläicht hutt Dir och ferm Bedenken, iergendeppes stëmmt do net sou ganz. D'Natur iwwerwannen? Robotermënsche ginn? Dat kléngt dystopesch, an nach laang net jiddereen ass mat där Iddi vum Trans-Humanismus, bei deem iwwer dat natierlecht Mënsch-Sinn rausgaange gëtt, oder mam Post-Humanismus, wou de Mënsch kuerzerhand soll iwwerwonne ginn, averstanen.
Et gëtt eng interessant Ambivalenz bei deem Thema, déi hëlleft ze verstoen, wou moralesch Bedenken entstinn, ouni se ze léisen. Well se och a sech selwer Sënn maachen. Wien huet d'Recht fir d'Mënschheet ze decidéieren, datt se iwwerwonne misst ginn? Ass dee "Selbstverbesserungswahn" iwwerhaapt ze rechtfäerdegen?
Normalitéit hirstellen oder iwwer d'Norm erausgoen?
Lo zur Ambivalenz: Wann de Mënsch ënnert eppes leid, wat seng Grondfunktiounen aschränkt, da sinn technesch oder medezinesch Hëllefsmëttel positiv konnotéiert. De Pensionär kritt eng nei kënschtlech Hëft, fir rëm mobil ze sinn. Eng Persoun mat Depressiounen notzt psychoaktiv Mëttel, fir datt se den Dag meeschtere kann. Dem Kranke gëtt een eppes géint de Wéi, fir datt et him besser geet.
Dëst si Momenter, wou d'Hëllefsmëttel de Mënschen déngen, fir rëm eng Normalitéit hinzestellen, déi si mat eegene Moyenen net méi erreeche kënnen.
Wann d'Hëllef awer dorop ziilt, iwwer déi gesond Norm erauszegoen, da gesäit een do ob direkt keng Noutwendegkeet. Wann duerch een Chip am Gehier mol schnell Spuenesch installéiert gi kann, oder eng Portioun Moral, vläicht och Humor, wat heescht dat da fir eist Selbstverständnis vu perséinlecher Entwécklung?
Oder wann d'Humantechnik dofir genotzt gëtt, fir den eigentlech natierlechen, gesonden Zoustand ze iwwerwannen an eng Leeschtungssteigerung duerch technesch a kënschtlech Elementer ze erreechen. Stelle mir eis eng Prothees vir, déi de Sprinter nach méi séier lafen deet, oder soss mënschlech Fäegkeeten iwwermënschlech gi léisst. Dat geet wäit iwwer d'Verwendung vun Anabolika oder Dopping eraus. Alles ziilt op d'Erreeche vun enger kënschtlecher Iwwerduerchschnëttlechkeet.
Hu mir d'Recht an déi mënschlech Natierlechkeet anzegräifen?
Net nëmmen, mee och dodra läit d'Krux, déi d'Verbesserung verwerflech erschénge léisst. Nieft dem Problem vun der sozialer Gerechtegkeet (net jiddereen huet déi Mëttelen, sech ee Selbst-Update ze verpassen) an eventuelle längerfristege gesondheetleche Konsequenze vu sou techneschen Agrëffer, ass et ebe grad d'Fro, ob mir d'Recht hunn, an déi mënschlech Natierlechkeet anzegräifen, déi sech hei stellt.
Mee virun deem Punkt froen ech mech awer och: Wat ass dann de Problem mam Mënsch-Sinn a mat senger Natur? Musse mir alles kontrolléieren, verbesseren, souguer verzerren, datt et an den Ideal vu Silicon-Valley-Narrativer passt?
Ech sinn eigentlech ganz zefridde mat mengen Ecken a Kanten, a mir sinn all gutt esou, wéi mir sinn.