Déi Europäesch Kommissioun huet dës Mesure kritiséiert a betount, datt dëse Schrëtt net gerechtfäerdegt wier. D'Aféiere vun Douanestaxe wier illegal a wirtschaftlech onproduktiv, esou d'EU-Kommissioun. Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz huet gewarnt, datt Länner, déi Douanestaxen erhéijen, mat Géigemoossname rechne mussen. Och de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot huet eng änlech Positioun vertrueden.
arrow_back_ios
article
article
/ Den Donald Trump annoncéiert nei Douanestaxen op Stol an Aluminium, d'EU kritiséiert dëse Schratt
25 Prozent
Den Donald Trump annoncéiert nei Douanestaxen op Stol an Aluminium, d'EU kritiséiert dëse Schratt
Den US-President Donald Trump huet wéi ugekënnegt en Dekreet ënnerschriwwen, fir nei Douanestaxen op Importer vu Stol an Aluminium anzeféieren. Dës Taxen an Héicht vu 25 Prozent sollen dem Wäissen Haus no de 4. Mäerz a Kraaft trieden a fir all Länner ouni Ausnam gëllen.
auto_stories
1 min
![Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP Donald Trump | © picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP](/1_Foto/2025/252812/image-thumb__252812__base_thumbnail/2025-01-21-Donald%20Trump%20Oval%20Office.dee413e5.jpg)
Donald Trump (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Jim LoScalzo - Pool via CNP)