D'Urgencë géife méi dacks sollicitéiert ginn an awer wier d'Situatioun net vergläichbar mat der Corona-Pandemie. De Chris Roller recommandéiert och bei den Hausdokter ze goe fir d'Urgencen ze entlaaschten. Rezent huet d'Santé dozou jo och eng Campagne lancéiert, ouni awer prezis Donnéeën dozou ze ginn, firwat ronn 30 Prozent vun de Leit hei am Land keen Hausdokter hunn.
Dem Chris Roller no géif et verschidden Erklärungen dofir ginn. Lëtzebuerg wier e klengt Land mat ongeféier fofzeg Prozent Auslänner.
"Mir hunn och vill Experten, déi vläicht just 2, 3 Joer op Lëtzebuerg kommen, an dat sinn och méi jonk Leit, déi sech lo net onbedéngt direkt en Hausdokter sichen, wa si heihinner kommen, well si awer éischter gesond sinn. A wa si dann en akute Problem hunn, gi si vläicht éischter an d'Urgence. Dat ass vläicht eng Erklärung."
Hien huet och d’Noutwennegkeet vun enger besserer Vernetzung am Gesondheetssystem ënnerstrach, fir d’Koordinatioun tëschent den Acteure méi effizient ze maachen.
AMMD: PID huet Limitten
Wat de Paiement immédiat direct (PID) ugeet, sot hien, datt dëse System bei e puer Dokteren zwar fonctionnéiert, awer weiderhi Limitten huet. D’AMMD hofft, datt duerch eng digitaliséiert App-Léisung méi Transparenz an d'Remboursementer kënnt.