Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Emmanuel Macron: Europa ass am Beräich vun der KI net kompetitiv genuch

Internationale KI-Sommet zu Paräis

Emmanuel Macron: Europa ass am Beräich vun der KI net kompetitiv genuch

Zanter e Méindeg an och nach haut leeft zu Paräis en internationale Sommet iwwer d'Notzen an d'Riske vun der Kënschtlecher Intelligenz. Mat dobäi ass och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an d'EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen, déi haut eng europäesch KI-Strategie wäert presentéieren.

auto_stories

2 min

Emmanuel Macron | © picture alliance/dpa | Ansgar Haase
Emmanuel Macron (Foto: picture alliance/dpa | Ansgar Haase)

De franséische President Emmanuel Macron hat de Méindeg um Sommet annoncéiert, datt Europa bei der KI kompetitiv genuch wier fir mat den USA oder China ze konkurréieren, et misst ee just d'Virdeeler richteg notzen. Ënner anerem hätt Frankräich genuch propper Energie fir Datenzentren ze bedreiwen, an et hätt een ideal Viraussetzunge fir Datewësseschaftler auszebilden an op d'KI ze spezialiséieren.

Macron: Europa muss am Beräich KI méi aktiv ginn

Europa misst awer méi séier virukommen an dofir bräicht et eng gemeinsam Linn, déi haut vun der EU-Kommissiounscheffin soll virgestallt ginn. Europa misst endlech méi aktiv ginn, esou de Macron de Méindeg am Grand-Palais.

Haut steet virun allem de politesche Volet am Mëttelpunkt, ënner anerem den amerikanesche Vizepresident JD Vance, den däitsche Kanzler Olaf Scholz oder och nach de chineesesche Vizepremier Ding Xuexiang sinn op der Plaz. Fir Lëtzebuerg sinn d'Justizministesch Elisabeth Margue an de Premier Luc Frieden zu Paräis. De Premier huet d'Occasioun genotzt an ënner anerem d'Gespréich mam franséische KI-Startup Mistral AI gesicht.

Lëtzebuerg u Mistral AI interesséiert

Et wier eng konstruktiv Entrevue gewiescht, an et hätt ee Mistral AI gutt Argumenter geliwwert, sech och zu Lëtzebuerg ze etabléieren, esou de Luc Frieden. De Premier sot och, Lëtzebuerg hätt vun Datenzenteren iwwer Supercomputer bis bei spezifesche Knowhow a Branchë wéi dem Finanzsecteur oder dem Weltall vill Atouten, déi d'Land als KI-Standuert attraktiv maachen.

Lauschterenplay_arrow

Luc Frieden: Lëtzebuerg muss sech vum KI-Kuch e Stéck ofschneiden

Fir de Luc Frieden wier et iwwerdeems wichteg, datt Europa iwwerhaapt eng AI-Strategie huet.

"Mir kënnen net eleng Amerika a China decidéiere loossen, wat mat AI geschitt. Déi grouss Techfirme sinn alleguerten an Amerika. Mir wëssen, datt d'Chineesen enorm vill Suen a Leit dran investéieren, fir och do eng Leadership-Roll ze kréien. An Europa huet heiansdo e bëssen d'Tendenz nozekucken."

De Lëtzebuerger Premier begréisst dofir, datt de franséische President Macron d'Initiativ ergraff huet. Et wier och wichteg, datt d'Europäer am Beräich vun der KI hir eege Reegele mécht a Lëtzebuerg misst sech vun deem "Kuch e Stéck erofschneiden".

Lauschterenplay_arrow