D'"sproochmaschinn.lu" gouf an Zesummenaarbecht mam Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch entwéckelt. De Kulturminister Eric Thill huet deen neien Outil de Méindeg presentéiert an erkläert, datt déi Lëtzebuerger Sprooch en essentielle Pilier vun der Lëtzebuerger Kultur a vum kulturellen Ierwe wier.
"Dofir gëllt et engersäits an der Recherche d'Sprooch ze dokumentéieren, an dat an hirer ganzer Diversitéit."
An Zäite vun Digitaliséierung a Kënschtlecher Intelligenz misst d'Lëtzebuergescht och um technologesche Plang mat groussen internationale Sprooche Schratt halen, esou de Kulturminister.
Bis ewell funktionéiert den Audio-Outil nach just mat enger männlecher Stëmm - un enger weiblecher Versioun géif awer geschafft ginn.