Radioen

On air

Notturno  |  Kings Of Convenience - Know How Feat. Feist

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Traditioun op der Fouer

Schueberfouer

Traditioun op der Fouer

Zanter 679 Joer gëtt et d'Schueberfouer - traditionell déi gréisst Forains-Kiermes, déi een am Grand-Duché fanne kann. Déi meescht Stänn a Bude si Familljegeschäfter a sinn zanter Generatiounen um Glacis vertrueden. D'Lisa Frising huet mat e puer Proprietären iwwer hiren Alldag an d'Zukunft geschwat.

auto_stories

2 min

Schéissbude gehéieren zur Schueberfouer, wéi hir vill faarweg Luuchten, d'Riserad, ganz vill Iessstänn an de Geroch vu frësche Eisekuchen. Fir de Jérôme Zellweger ass dëst Alldag. Zanter sechs Generatioune scho gëtt et d'Confiserie Coné, ee Familljebetrib, deen hien elo mat Freed als Patron weiderfeiert.

Et wier een zwar frou, wann een an d'Wanterpaus goe kéint, mee et wier ee genee esou frou, fir d'Kolleegen an d'Clienten erëmzegesinn, zielt hien. "Dir musst wëssen, 80 Prozent si Stammclienten, déi aner 20 Prozent ass Passage. An da freet ee sech ëmmer vu Kiermes zu Kiermes, déi Leit erëmzegesinn, déi een ee Joer net gesinn huet."

En haarden Job ...

Ëm déi 240 Forains-Stänn sinn all Joers op der Schueberfouer vertrueden: ganz Famillen, déi während der Saison duerch d'ganzt Land an d'Groussregioun reesen. Vu Kiermes zu Kiermes. Traditionell Lëtzebuerger Betriber géifen et awer ëmmer manner ginn, seet de Charel Hary. Seng Famill gehéiert zu enge vun de raren Exceptiounen.

Fir seng Kanner oder Enkelkanner wier et e méi rentabelt Geschäft, "well schonn alles do steet", seet de Charel Hary. "Mee een, dee bei Null ufänkt, deen huet et ganz schwéier." Et géife vill Käschten op een duerkommen, "an dat ass net esou evident". De Forain wier och vill vum Wieder ofhängeg, well wann et reent, "dann hu mir jo och wierklech vill Misär".

... ouni vill Fräizäit

Zäit fir eng Vakanz oder vill Fräizäit bleift am Alldag vum Forrain éischter manner. Dodrunner wier een awer gewinnt, seet de Beckech Gast a rëselt de Kapp. Him gehéiert zanter 44 Joer den Texas Grill op der Fouer. "Forain sinn ass net Fräizäit hunn - ganz einfach. A wann ee wëllt Erfolleg hunn, dann dierf een net faul sinn. Also als Forain muss ee schaffen."

Och wann de Beruff als Forain een haarden Job ass, wéilt de Jérôme Zellweger awer mat kengem tauschen. Hie kéint sech net virstellen, jeemools eppes anescht ze maachen. Fir d'Zukunft huet hien nach e puer Pläng:

"Dat Geschäft hei ass elo 100 Joer al an et ass mäi Glécksgeschäft. Dat war dem Coné säi Glécksgeschäft, dat war menger Mamm hiert Glécksgeschäft an elo ass et mäint. Ech hu mir ëmmer geschwuer, wa mäi Meedche weider mécht, da bauen ech eng Confiserie europawäit, wéi et se nach ni ginn ass. Dat hunn ech mir geschwuer."