Radioen

On air

Jazz Club  |  Aaron Parks Little Big live at Jazz Dock Prague

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Franséischen Atomschierm fir Europa

Ugespaanten international Situatioun

Franséischen Atomschierm fir Europa

En atomare Schutzschierm fir Europa, dat huet de franséische President Emmanuel Macron lescht Woch proposéiert. Hien wëll mat den europäesche Partner doriwwer diskutéieren, de franséischen “Parapluie nucléaire” op si auszedeene fir Europa besser géint d’russesch Menace ze schützen. Kann dat iwwerhaapt funktionéieren?

auto_stories

8 min

headphones

4 min

play_arrow

Frankräich ass niewent Groussbritannien dat eenzegt Land an Europa, wat Atomwaffe besëtzt a wëll elo mat den europäesche Partner kucken, ob een déi atomar Ofschreckung a Protektioun op si ausdeent. 

Elo fënnt d'Propose Gehéier   

Dat ass keng ganz néi Iddi, schonn aner franséisch Presidenten hunn dëst proposéiert. Nei ass awer, datt aner europäesch Länner, virun allem Däitschland, dës Proposen elo begréissen, seet de Professer fir Politikwëssenschaft an Expert fir Atomwaffe Benoît Pelopidas.

"Fréquemment, la proposition française n'a pas trouvé d'écho ou n'a pas été bien reçue chez les partenaires européens."

An dësem Kontext gëtt déi franséisch Ofschreckung dacks als “Parapluie nucléaire” bezeechent. Dësen Term an och d’Iddi dohannert wier awer ierféierend, well Atomwaffen net virun enger atomarer Attack oder engem aneren Ugrëff kënne beschützen, sou de Pelopidas:L

"Le parapluie est trompeur. Parce que limage du parapluie, cest de dire : si la pluie tombe, on a quelque chose qui nous permet de rester au sec. Or, si la pluie nucléaire tombe, il ny a rien."

Et géif hei net ëm e wierkleche Schutz goen, mee villméi dorëms, ze verhënneren, datt Russland oder een anere Géigner iwwerhaapt op d’Iddi kënnt unzegräifen, well de Risiko sou héich ass, erkläert d’Emmanuelle Maitre vun der Fondation pour la recherche stratégique (FRS).

Europäeschen Zweifel un US-Sécherheetsgarantien  

Frankräich huet eng 290 Atomwaffen, also just e Brochdeel vum russeschen Arsenal vu 5.580 atomare Sprengkäpp. Dësen Desequiliber wier awer keen sou grousse strategeschen Nodeel bei enger potentieller Attack. Och scho wéineger géifen e grousse Schued uriichten.  


Datt dës Erweiderungspläng grad elo kommen ass keen Zoufall, d’Sécherheetspolitik vum US-President Donald Trump, hunn an Europa Zweifel un den amerikanesche Sécherheetsgarantien opkomme gelooss. Déi franséisch atomar Ofschreckung wier awer keen Ersatz, sou d’Emmanuelle Maitre. 

Macron behält dat lescht Wuert 

De Benoît Pelopidas observéiert an den aktuellen Diskussiounen awer och eng Kommunikatiounsoffensiv vun den Ënnerstëtzer vun den Atomwaffen. Si géifen déi momentan Panik ausnotzen, fir d’atomar Ofschreckung als eenzeg Ofschreckung vis-à-vis vu Russland ze propagéieren.

Sollt et zu enger Extensioun kommen, do war den Emmanuel Macron scho ganz däitlech, bléiwen d’Decisiounen an d’Muecht iwwer d’franséisch Atomwaffen awer an der Hand vum franséische President. 

Lauschterenplay_arrow