D'Petitioun fuerdert, datt Lëtzebuerg Israel wéinst senger Palästina-Politik misst sanktionéieren.
D’Zil vun der Petitioun selwer gouf als net problematesch ugesinn. Allerdéngs hat de Petitionär, respektiv ee vu sengen Ënnerstëtzer op Flyeren, déi Reklamm fir d’Petitioun gemaach hunn, de Logo vun der Chamber benotzt, wat net erlaabt ass.
Wann d'Petitioun rejetéiert gi wier, da wier dat e Prezedenzfall gewiescht.
D'Conférence des Présidents hat d'lescht Wuert.