Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Reuben James - Own Thing

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Een Dag bei de Rekruttinnen a Rekrutte vun der Arméi

Lëtzebuerger Arméi

Een Dag bei de Rekruttinnen a Rekrutte vun der Arméi

D’Welt  ass onroueg. Mat Bléck op déi aktuell Konflikter a Kricher ënnert anerem an der Ukrain an am Noen Oste lafen an Europa Diskussiounen ëm méi héich Defenseausgaben – och zu Lëtzebuerg. Dem Premier Luc Frieden géif dat awer net bedeiten, datt een de Krich preparéiere wéilt, mee datt een en eben evitéiere wéilt.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© Sophie Schroeder play_arrow
(Foto: Sophie Schroeder)

Onofhängeg vun der aktueller Weltlag huet déi Lëtzebuerger Arméi zejoert schonn eng grouss ugeluechte Rekrutéierungskampagne lancéiert. Ronn 200 Zaldotinnen an Zaldote solle bis 2030 agestallt ginn. Aktuell huet d’Arméi ronn 500 Zaldotinnen a Zaldoten, 250 Ënneroffizéieschen an Ënneroffizéier an 90 Offizéieschen an Offizéier.

“Net Jiddereen hält bis zum Schluss duerch”

D’Rekruttinnen a Rekrutte verbréngen hir ganz Zäit um Härebierg a sinn elo an der 7. Woch vun der sougenannter “Instruction de Base” (IB), déi am ganze 16 Wochen dauert.

Dat ass d’Grondausbildung fir Zaldot:in ze ginn. Duerno geet d’Formatioun weider mat individuelle Spezialiséierungen, déi jeeweils och 4 Méint daueren. Net jidderee vun de ronn 200 Rekruttinnen a Rekrutten, déi d’Ausbildung all Joers untrieden, géifen hei bis zum Schluss duerchhalen, erkläert de Lieutenant a Chef de Companie Xavier Donnersbach.

Dat kéint sinn, well ee keng Loscht méi hätt oder ee sech anescht wéilt orientéieren. Déi eng wéilten hir Schoul nohuelen, anerer en anere Beruff erléieren. Et géifen och Leit ginn déi ugemellt wieren, awer ni géifen optauchen, Leit déi rausgehäit ginn oder Leit déi aus medezinesche Grënn mussen ophalen.

Pünktlechkeet, Responsabilitéiten an Disziplin

Den Dagesoflaf vun de Rekruttinnen a Rekrutten ass kloer duerchstrukturéiert. Sport, Theorie, Marschübungen, Schéisstraining. Alles leeft no engem minutiéise Plang, erzielt de Rekrutt Rastonder.

“Ech mengen hei gi mir gutt preparéiert fir alles an der Zukunft.”

Angscht hätt een dofir och keng.

Nieft der physescher Erausfuerderung spillt och d’Perséinlechkeetsentwécklung bei der Arméi eng zentral Roll. Vill vun de Rekruttinnen a Rekrutte mierken, datt sech hir mental Astellung mat der Zäit verännert, virun allem a Saachen Disziplin.

An och den Teamgeescht spillt eng wichteg Roll.

Frae sinn d’Minoritéit

An der ganzer Arméi ginn et ronn 12 Prozent Fraen. An dëser Ausbildungssaison gëtt et just eng Fra: D’Rekruttin Texeira. Hir géif et näischt ausmaachen, datt de Militär heefeg als ee männerdominéierten Domaine gëllt.

“Ganz éierlech, fir mech mécht dat keen Ënnerscheed. Ech mengen et ass just eng Saach vum Point de vue, datt een all Mënschen op een Niveau setzt, ob Fra oder Mann.”

D’Unzuel u Rekruttinnen a Rekrutte wier iwwer déi lescht Jore plus ou moins konstant bliwwen. Personalmanktem géif et net ginn, seet de Lieutenant Donnersbach – an et wier och kloer datt d’Arméi wuesse misst.

D’Arméi wäert wuessen

Fir d’Stäerkt vun der Arméi ze hale géif een hoffen, no all Rekrutementssessioun ongeféier 50 nei Zaldotinnen an Zaldoten ze hunn. D’Rekruttinnen a Rekrutten, déi bis zum Enn vun der Grondausbildung duerchhalen, hätten duerno vill Méiglechkeeten, bannent der Arméi an der Hierarchie ze klammen, seet nach de Chef de Companie. Vill vun hinnen hätten zum Beispill de Beruffswonsch Ënneroffizéier oder Offizéier ze ginn.

Lauschterenplay_arrow