Radioen

On air

Al Schanken  |  Jerry Garcia Band - Cats Under The Stars (Live)

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D'Bezeechnung "aggressiivt Heeschen" ass der CCDH no net kloer genuch

Verbuet vun der "Mendicité aggressive“

D'Bezeechnung "aggressiivt Heeschen" ass der CCDH no net kloer genuch

De Projet de loi zur Aféierung vun engem Verbuet vun der "Mendicité aggressive" am Code pénal misst vun der Regierung komplett iwwerschafft, wann net souguer ganz zeréckgezu ginn. Dat geet aus dem Avis vun der consultativer Mënscherechtskommissioun ervir, deen um Freidegmoie presentéiert ginn ass.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© picture alliance / Zoonar | HGVorndran play_arrow
(Foto: picture alliance / Zoonar | HGVorndran)

Nodeems d’Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg lescht Joer fir vill Diskussioun gesuergt a juristesch Froen opgeheit huet, soll een neie Projet de loi elo Kloerheet schafen. Dëse Projet gëtt vun der consultativer Mënscherechtskommissioun awer staark kritiséiert.

Een neie Begrëff am code pénal

Een Heescheverbuet géif d’Mënscherechter verletzen, an dat dierft nëmmen ënner ganz bestëmmte Konditioune stattfannen. D’Aféiere vun engem Verbuet vun der "aggressiver Heescherei", wéi de Projet de loi et virgesäit, géif dës Konditiounen net erfëllen, sou d’Juristin Charlotte Brouxel vun der Mënscherechtskommissioun.

“Fir datt een Agrëff an d’Mënscherechter justifiéiert ka ginn, muss d’Behuelen, wat bestrooft soll ginn, e gewëssene Seuil erreecht hunn. Op kee Fall geet et duer, datt e Behuele vun engem Heeschert als desagreabel oder onbequeem ëmpfonnt gëtt, fir eng penal Strof ze prononcéieren. De Gesetzesprojet definéiert awer net genau, wat 'aggressiv' heescht. De Begrëff ass awer ganz nei am Code pénal.”

D’Strofmooss fir déi geplangten Infraktioun wier och onverhältnesméisseg. Et géif wéineg Sënn maachen, eng Geldstrof vu bis zu 3.000 Euro virzegesinn, wa Leit, déi heeschen, dat manifest aus ekonomesche Grënn maachen. An och eng Prisongsstrof vu bis zu 2 Joer wier a kenger Proportioun zu aneren Infraktiounen am Code pénal.

"Wa mir zum Beispill d’infractioun vu coups et blessures volontaires huelen, gesi mir, datt d’Mendicité aggressive géigeniwwer méi staark bestrooft gëtt. Och am Fall, wou am Viraus eng Absicht do war, also eng Préméditatioun, sinn d’Strofe méi héich fir d’Mendicité aggressive.”

Gëtt d'Ausgesi bestrooft, an net d'Behuelen?

Iwwerdeems kritiséiert d’Mënscherechtskommissioun net just, datt den Text vum Projet de loi schlecht formuléiert wier. Et géinge scho Sanktiounen am Code pénal ginn, déi een änlecht Behuele bestrofen, wéi dat vum Projet de loi viséiert ass. 

"Den eenzegen Ënnerscheet wier dat, datt et vun enger Persoun, déi heescht, oder als Heeschert ausgesäit, ugeet. De Risiko besteet deemno och, datt et schlussendlech sou wäert sinn, datt d’Persoun haaptsächlech wéinst hirer Persoun, an net wéinst hirem Behuele bestrooft gëtt.”

Weider géif e strengt Verbuet vun der Heescherei och dozou bäidroen, datt Affer vu Mënschenhandel sech aus Angscht viru legale Konsequenzen net bei den Autoritéite mellen. D’Mënscherechtskommissioun erhofft sech deemno, datt d’Regierung sech nach fir eng manner repressiv Approche zum Theema Heeschen entscheet.

Lauschterenplay_arrow