Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - My Dear One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécherheet an der Däischtert

Biophilia

Sécherheet an der Däischtert

Liichtverschmotzung ass Deel vun der Ëmweltverschmotzung a gëtt dowéinst och Liichtsmog genannt. D'Gefill, mat méi kënschtlecher Luucht owes an an der Nuecht méi sécher ze sinn ass allerdéngs just e Gefill, seet den Daniel Gliedner. Mir hunn eis mam Liichtberoder vum Naturpark Our iwwer d'Sécherheet am Verkéier an d'Kriminalitéit an der Däischtert ënnerhalen.

auto_stories

3 min

Mir hunn e komplett ongesond Verhältnis zu de Luuchten, seet den Daniel Gliedner.

Brauch ee Luucht, fir sech sécher ze spieren?

Géif een e bëssen an d'Ausland kucke goen, géif ee séier feststellen, datt d'Leit sech do och sécher fille mat manner Luucht respektiv och Luuchten, déi komplett ausgeschalt sinn.

Zu Lëtzebuerg hätt ee finanziell an de leschte Joerzéngten d'Sue gehat, fir vill an d'Beliichtung ze investéieren, an oft wier och vill méi hell beliicht gi wéi dat, wat Norme virginn. Et hätt ee sech also un dat "ëmmer méi hell" gewinnt, erkläert den Daniel Gliedner:

"An do musse mir einfach e bëssen de Wee zeréck fannen. Eis selwer eng Chance ginn, dat eise Kierper zur Rou kënnt, an eis selwer eng Chance ginn, mat méi nidderege Beliichtungsniveauen eens ze ginn."

Beliichtung spillt keng Roll bei Kriminalitéit

Bei der Sécherheet muss een tëschent zwou Kategorien differenzéieren, esou de Liichtberoder vum Naturpark Our. Engersäits gëtt et Verkéierssécherheet, anerersäits d'Kriminalitéit.

Bei der Kriminalitéit hätten Etüde gewisen, datt d'Luucht fir Abriecher guer kee Krittär ass.

Doriwwer eraus géife 85 Prozent vun den Abréch daagsiwwer stattfannen, wann et dobaussen hell ass. Dee Moment géife just 15 Prozent vun Abréch stattfannen, wann et däischter ass.

Am Stroosseverkéier: Gitt siichtbar

Beim Volet Stroosseverkéier géif méi Beliichtung och net direkt méi Sécherheet heeschen:

"Do ass och all Polizist (...) mat mir eens, och do sinn Etüden déi dat beweisen, och do hu mir mam Direkter vun der Police Récksprooch gehalen - wat manner hell ass, wat manner Risiko gefuer gëtt."

D'Beliichtung op de Stroosse an den Dierfer géif net fir den Automobilist, mee fir de Foussgänger gemaach ginn. Wann also nuets d'Stroosseluuchten tëschent 01h00 a 05h00 Auer ausgemaach ginn, da wier dat well do béi meescht Leit am Bett leien, seet den Daniel Gliedner:

"Wann et da sollt méi däischter sinn, da gitt siichtbar [...] et soll een net onbedéngt nuets um 02h00 Auer jogge goen an engem schwaarzen Trainingskostüm mat schwaarze Schong, dat kann een och maachen andeem ee giel Saachen undeet, reflektéierend Saachen undeet, an da setzt ee sech och natierlech vun der Ëmgéigend siichtbar of."

Wéi eng Mesure géint Liichtverschmotzung?

Wou op Stroosseluuchten a Stied an Dierfer net ka verzicht ginn, ka mat anere Mesure géint d'Liichtverschmotzung virgaange ginn.

Den Ausstrahlwénkel soll horizontal montéiert ginn, donieft kënne Beweegungsmelder an Zäitschalt-Aueren hëllefen, d'Dauer vun der Beliichtung anzeschränken. Och wann et schéin ausgesäit, soll net vum Buedem an d'Luucht, mee ëmmer vun uewen no ënne beliicht ginn.

Den Daniel Gliedner réit dann och zu enger Faarftemperatur, déi 3.000 Kelvin net iwwerschreit, dat heescht eng Temperatur, déi als waarmwäiss beschriwwe gëtt.