Radioen

On air

De Moien  |  Warpaint - New Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoulen aus recycléiertem Plastik

Elfebeeküst

Schoulen aus recycléiertem Plastik

D'UNICEF baut mat Zillen aus recycléiertem Plastik op der Elfenbeinküst Schoulen. Domadder wëllt een zwee Problemer gläichzäiteg léisen: d'Ëmweltverschmotzung an de Mangel u Schoulen.

auto_stories

2 min

Op der Elfenbeinküst gëtt et kee staatleche System fir de Plastik ze entsuergen, dofir läit deen do, wou d'Leit en hi gehäit hunn, esou de Paul Heber vun der UNICEF Lëtzebuerg. En anere Problem ass, datt et net genuch Klassesäll gëtt, esou datt eng zwou Millioune Kanner am afrikanesche Land net an d'Schoul kënne goen.

Aus Plastik Zille maachen

Zesumme mat der kolumbianescher Firma Conceptos Plásticos wëllt een heirun eppes änneren, seet de Paul Heber. Déi Firma huet eng Prozedur entwéckelt fir Plastik zu Zillen ze recycléieren. Dat gëtt och op der Plaz gemaach, esou datt Aarbechtsplaze geschaaft ginn.

Konkret wéilt ee Fraen heimat viséieren. D'Frae sammelen de Plastik, schaffen awer och gläichzäiteg an de Fabricken, wou aus dem Plastik Zille gemaach ginn. Momentan ass de Projet nach an der Stad Abidjan an enger Pilotphas. D'Zil wier et awer eng Rei Fabricken opzemaachen, esou datt een de Problem iwwerall am Land kéint ugoen.

Och wa se aus Plastik sinn, isoléieren dës Zilen a si waasser- a feierfest. Zanter de Projet lancéiert gouf si 56 Klassesäll fir ronn 2.800 Schüler gebaut ginn. Dofir goufen 295 Tonne Plastik agesammelt a recycléiert. An an den nächste Jore solle mat dësem Projet dann am Ganze 528 Klassesäll entsoen.

D'Wësse weiderginn

Fir d'UNICEF wier et wichteg, dësen, awer och aner Projeten, esou ze plangen, datt d'Bevëlkerung och laangfristeg eppes dovunner huet, esou e Paul Heber. Op Dauer sollt net dee responsabel sinn, deen den Ausléiser fir eng Erneierung ass.

"Dat heescht, d'Wësse sollt een och zeréck ginn un d'Leit, mat deenen een ze dinn huet. Den Knowhow soll an deene Gesellschafte bleiwen, nëmmen esou kann een à long terme och Gesellschafte positiv veränneren."

De Frae bei der Emanzipatioun hëllefen

Duerch dës Zillen aus recycléiertem Plastik mécht een net nëmmen eppes fir d'Ëmwelt a fir d'Bildung vun de Kanner op der Elfenbeinküst, mee well duerch dëse Projet Aarbechtsplaze fir Frae geschaaft ginn, géif een déi zum Deel och emanzipéieren, seet de Paul Heber vun der UNICEF.

An der Entwécklungshëllef géif een ëmmer méi dacks feststellen, datt d'Fraen d'Sue besser geréiere wéi d'Männer, an d'Kanner dann och méi vun dëse Sue profitéieren, och wann een dat natierlech net verallgemengere kéint.