Radioen

On air

De Weekend  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ressentiment: e politescht Gefill

Prisma

Ressentiment: e politescht Gefill

De Begrëff vum Ressentiment ass vläicht net esou gutt bekannt. Mee d'Saach selwer gehéiert, wann ee verschiddenen Denker gleewe kann, zu eise modernen Demokratien dozou. Ressentiment ass eng Zort ënnerdréckten a verdrängte "Groll", dee sech privilegiéiert a Situatiounen ausdréckt, wou et ëm Moral, Verantwortung a Wäerter geet. Dofir weist e sech esou gären a Krisesituatiounen, wou Moral a Verantwortung jo gäre benotzt ginn, fir Dysfonctionnementer zu iwwerdecken.

auto_stories

6 min

Den Thierry Simonelli. Foto: Archiv

Och wa "Ressentiment" kee geleefegt Wuert ass, et ass trotzdeem en zimmlech wichtege Begrëff fir eng ganz Rei vu perséinlechen, a politesch-gesellschaftleche Phenomeener ze verstoen.

Vum perséinleche Groll an der Animositéit, déi aus widderhollte Kränkungen an Erniddregungen entstinn, iwwer d'Motivatiounen, déi hannert aggressiv moraliséierenden a paternalisteschen Attitüde stiechen, iwwer déi psychologesch a gesellschaftlech Hannergrënn vum Antisemitismus, der Islamophobie an der Xenophobie: an all deene Fäll kann de Begrëff vum Ressentiment e wichtege Bäitrag zum Verständnes leeschten.

Fänke mer also emol mat der simpeler Wuert-Bedeitung un, fir dem Begrëff vum Ressentiment méi no ze kommen.

D'Definitioun

Den Duden Fremdwörterbuch gëtt zwou Wuert-Definitioune vum Ressentiment:

  • eng gefillsméisseg Ofneigung, déi op Virurteeler, Ënnerleeënheetsgefiller, Näid an änlechem berout;
  • en duerch Erëm-Erliewe verstäerktent schmäerzlecht Gefill.

Domat hu mer schonn e puer Elementer: widderhollten Erliefnesser vu Kränkung, Erniddregung, vu Schued, déi zu Animositéit, Virurteeler, Näid féieren. De Ressentiment kënnt dann och mat enger Zort Widderhuelungszwang, mam Erëm-Erliewe vun dëse Gefiller, déi d'Tendenz hu sech ze verschäerfen a sech zur Gewunnecht oder zum Charakterzuch anzeschläichen.

De ganze Prozess muss net bewosst, a scho guer net bewosst-reflexiv oflafen. Meeschtens spillt e sech hannert dem Réck vum Bewossten of.

Dee bekanntsten Begrëff vum Ressentiment ass wuel dee vum däitsche Philosoph Friedrich Nietzsche, deen en Enn vum 19. Joerhonnert an déi philosophesch Diskussioun ageféiert huet. Duerno hunn den däitsche Philosoph Max Scheler an de Philosoph a Sozialwëssenschaftler Theodor Adorno dem Nietzsche säi Begrëff weiderentwéckelt.

Zesummenhang tëschent Moral an dem Ressentiment

Den Nietzsche féiert de Begrëff vum Ressentiment a sengem Buch "Zur Genealogie der Moral" vun 1871 an.

Wéi een et aus dem Titel schonn eraushéiert, gëtt et fir den Nietzsche en déiwen Zesummenhang tëschent der Moral an dem Ressentiment. Dem Nietzsche säin Argument ass komplizéiert a weist iwwer historesch, soziologesch a psychologesch Argumentatioun wéi déi chrëschtlech Moral aus dem Ressentiment entstanen ass. Als Sklavemoral bezeechent den Nietzsche d'Moral, déi geschichtlech bei de Sklaven, bei den Ohnmächtegen an den Erniddregten, als Reaktioun op d'Moral vun de méi héije soziale Schichten entstanen ass.

De Grondtenor vun der Sklavemoral wär also: mer sinn net esou wéi déi, déi mer veruechten, dofir si mer besser. Moral déngt als Ofgrenzung aus Jalousie, Näid, Ohnmacht a verdrängter Wut.

Fir ze resuméieren, kann een dem Nietzsche säi Begrëff vum Ressentiment a véier Entwécklungsetappen zesummefaassen:

  • Ressentiment ass e psychologeschen Zoustand, deen aus Schmäerz, Unbehagen a frustréiert Wënsch eraus entsteet. Dëse Schmäerz gëtt op d'Aktioune vun aneren - och gären imaginären aneren - zeréckgeféiert.
  • Doduerch, datt de Schmäerz an Frustratioun op anerer zeréckgeféiert gëtt, entsteet als Reaktioun Wut an Haass géigeniwwer deenen aneren.
  • Schmäerz, Wut a Frustratioun géint déi aner féieren zum Wonsch eng Iwwerleeënheet an eng Herrschaft iwwer déi Verantwortlech ze kréien.
  • Waren déi éischt dräi Etappen éischter reaktiv, esou ass déi lescht Etapp vum Ressentiment kreativ. Hei entdeckt de Ressentiment d'Waffe vun der Vergeltung fir sech a benotzt privilegiéiert den Discours vun der Moral a vun de Wäerter fir sech ze rächen. Ressentiment geluede Moral a Wäerter sinn dofir ëmmer Waffen, fir engem ënnerdréckte Groll an Haass en onverdächtegen Ofloss-Ventil ze ginn. D'Moral vum Ressentiment ass de Knëppel, mat deem een aus der Ohnmacht erauskënnt a seng Wut a säi Schmäerz kann un aneren ausloossen.

De Ressentiment kann erklären, wéi et ëmmer erëm dozou kënnt, dat déi scheinbar bescht a moralescht Intentiounen zu Aggressioun an esouguer Gewalt féieren. Aus dem Ressentiment eraus kann een dacks verstoen, et ass net ëmmer Ressentiment, firwat déi fein, léif an anstänneg Leit, déi gutt Noperen, an déi roueg Matbierger esou liicht kal an aggressiv ginn, wa si bis d'Waffe vun der Moral a vun den Wäerter an den Hänn hunn.

Max Scheler: eng historesch a gesellschaftlech Dimensioun

1912 huet den Max Scheler a sengem Text "Das Ressentiment im Aufbau der Moralen" dem Nietzsche säin Usaz kritiséiert a weiderentwéckelt.

Mee wou den Nietzsche nach ganz an der Perspektiv vum Darwinismus déi Schwaach biologesch geduecht huet, weist den Scheler op déi historesch a gesellschaftlech Dimensioun vum Ressentiment hin. Nom Scheler ass de Ressentiment nämlech eng Reaktiounsbildung, déi charakteristesch fir de modernen Individuum ass. Et ass den Iwwergang vun der feudaler op déi biergerlech Gesellschaft, déi eng Verallgemengerung vum Ressentiment mat sech bréngt. Déi biergerlech Gesellschaft, esou de Scheler, kënnt mam Versprieche vun der Fräiheet, der Gläichheet an der Solidaritéit.

Well déi Verspriechen awer ni allgemeng ageléist ginn, ginn d'Erwaardunge vum modernen Individuum noutgedrongen enttäuscht. Wou Gläichheet a Gerechtegkeet versprach ginn, herrscht a Wierklechkeet Ongläichheet an Ongerechtegkeet. Dës Differenz tëschent dem Projet vun der Modernitéit an den onerfëllten Erwaardungen ass den Nährbuedem vum moderne Ressentiment.

De moderne Ressentiment ersteet dem Max Scheler no net aus enger biologescher oder natierlecher Schwaachheet, mee aus der Ohnmacht, déi aus de sozialen Zwäng entsteet. A vun do aus denkt de Scheler mam Sigmund Freud iwwer den Nietzsche eraus. Do wou déi spontan Reaktioun verdrängt gëtt, verwandelt sech d'Wut an e Wonsch no Vergeltung. D'Hemmung vun der Roserei niert en onbewosste Wonsch se ze rächen. Esou féiert de Ressentiment nom Scheler zur Verbatterung an zur Vergëftung vun der Perséinlechkeet.

Horkheimer an Adorno

An hirem Buch "Dialektik der Aufklärung" kommen och d'Philosophen a Sozialwëssenschaftler Max Horkheimer an Theodor Adorno op dësen Aspekt vum Max Scheler zeréck. Si ënnersichen den Aspekt vun der Verdrängung am Ressentiment nach méi genee am Zesummenhang mat gesellschaftlechen Zwäng. Wéi de Scheler, denken den Horkheimer an den Adorno, datt de Ressentiment sech eréischt duerch en onbewosste Widderhuelungszwang etabléiert. Dobäi verléiert en och de reale Bezuch zum Objet, zum Verursaacher.

An den Studien zum autoritäre Charakter geet den Adorno nach méi déif an déi onbewosste Psychologie vum Ressentiment an. Duerch d'Hemmung vun der Reaktioun op Enttäuschung, Kränkung an Erniddregung, ginn déi aggressiv Reaktioune verdrängt a verléieren hire konkreten Objekt- a Situatiounsbezug. Duerch dëse Verloscht kënnen déi aggressiv Trieber sech dann op en x-beliebegen Objet bezéien. Den Antisemitismus ass fir den Adorno en typescht Beispill fir dësen Objektverloscht. An enger paradoxaler Formulatioun behaapt den Adorno, datt den Antisemitismus näischt mat reale Judden ze dinn huet, mee mat engem imaginäre Stereotyp. Ressentiment funktionéiert also mat abstrakte Feindbiller.

Typesch fir esou e Prozess vun der Verdrängung an der imaginärer Projektioun ass d'Rhetorik vun der Moraliséierung, déi d'Welt a gutt a a béis Mënschen opdeelt. An dëser Rhetorik stellen déi Gutt sech och gären als eleng, isoléiert a bedrote Leit duer, déi duerch eng Majoritéit vun Onmoraleschen, Liichtsënnegen oder Gläichgültege menacéiert ginn. Desto méi legitim schéngt et sech duerch Reegelen a Strofen am Numm vum Gudden a vun der Solidaritéit un de Rücksichtslosen ze rächen.

Et ass liicht ze gesinn, wéi grouss gesellschaftlech Krisen e soss maskéierte Ressentiment opkache loossen. Wien da geziilt op d'Uechtung an d'Mëssuechtung vun der Moraliséierung setzt, deen dierf sech net wonneren, domat och d'Diere vum Ressentiment grouss opzemaachen.