Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Jung Kook, Latto - Seven

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Wat alles am Verwaltungsrot schifgelaf ass

Caritas-Affär

Wat alles am Verwaltungsrot schifgelaf ass

De Caritas-Verwaltungsrot huet zejoert direkt no der Fraude vun 61 Milliounen Euro entdeckt, datt e keng Haftflicht méi huet. Och wann d'Spriecherin vum Verwaltungsrot am Zeenewiessel-Podcast mengt, de Verwaltungsrot géif wuel kaum individuell belaangt ginn, ass am ieweschte Kontrollorgan net alles richteg gelaf.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

Wéi de 16. Juli 2024 opflitt, datt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut krut, iwwerhëlt de Verwaltungsrot d'Krisegestioun. Ëmmerhin ass et den CA, dee responsabel ass fir dat, wat an der Caritas leeft. 

Eng ugeschloe Presidentin 

An der véierter Episod vun eiser Serie "Carambolage" gëtt de Fonctionnement vum Verwaltungsrot thematiséiert: Ënner anerem mat enger Presidentin, déi altersbedéngt net méi fit genuch ass fir esou eng grouss Organisatioun ze leeden. 

Méi generell gesäit ee grad an deene Méint, wou d'Fraude amgaange war, datt de Verwaltungsrot seng Direktioun net gutt kontrolléiert huet. Zum Beispill ginn d'Reunioune vum Verwaltungsrot net uerdentlech preparéiert, wat erkläert, datt den CA dann eréischt de 15. Juli um Enn vun esou enger Reunioun gewuer gëtt, datt d'Finanzdirektesch an een aneren Direktiounsmember Kontrakter fir 2 Kreditlinne fir iwwer 30 Milliounen Euro bei zwou Banken ugefrot hunn. Dat ass de Moment, deen dozou féiert, datt de Bedruch opflitt. An dat hätt u sech misse vill éischter geschéien. 

De Fall Pit Bouché

An der drëtter Episod gouf jo opgedeckt, datt mam héije Beamte Pit Bouché e Verwaltungsrotsmember schonn Ufank Juni iwwer déi problematesch Kreditlinnen informéiert gouf. Wéi mir dat de Freideg gemellt hunn, wëllt de Pit Bouché elo mat den Deputéiert aus der Chamber-Spezialkommissioun schwätzen. D'Aussoe vum Tom Brassel géifen net den "exakte Kontext vun de verschiddene Gespréicher" erëmginn, déi déi zwee am Juni 2024 gehat hätten. 

D'Nathalie Frisch seet am Podcast dozou: "Ech weess net, ob Kreditlinnen an engem Restaurant geschwat gi sinn oder net, mee op alle Fall iwwer déi Kreditlinnen ass ni an engem Conseil geschwat ginn. Dat ass ganz kloer."

Keng Haftflicht méi ...

D'Juristin confirméiert och d'100,7-Informatiounen, datt d'Membere vum Verwaltungsrot zejoert wärend der Fraude net fir d'Responsabilité civile an hirer Funktioun verséchert waren. Recherchë fir den 100,7-Zeenewiessel-Podcast weisen, datt déi fréier Caritas-Finanzdirektesch déi Assurance virun der Fraude net erneiert huet. Fir d'CA-Memberen ass esou eng Versécherung wichteg, well si perséinlech dofir haften, wann hinnen zum Beispill kéint nogewise ginn, datt si d'Direktioun net gutt genuch kontrolléiert hunn. 

"Tu m'as piégé"

An der véierter Episod geet et och an der Chronologie vun der Affär weider: Et ass deen Ament, wou d'Affär opflitt. Ze héieren ass eng Opnam vun engem Gespréich, an deem d'Finanzdirektesch den 19. Juli 2024 dem Direkter Marc Crochet urifft kuerz nodeems d'Fraude bei der Caritas ëffentlech gouf. 

Déi éischt Hypothees war deen Ament, datt d'Finanzdirektesch an iergendenger Form misst hanner dem Bedruch stiechen. Well si esou eng aktiv Roll bei de Viremente gespillt huet a well si mat kengem d'Gespréich gesicht huet. Am Telefonsgespréich, dat an der véierter Episod ze héieren ass, geet et ëm déi Fro.

D'Pia Oppel huet d'Hannergrënn iwwer d'Caritas-Affär mat recherchéiert a war am 100,7-Moiesstudio fir iwwer déi neisten Episod ze schwätzen

Lauschterenplay_arrow