Radioen

On air

Notturno  |  Gregory Uhlmann - Homecoming

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ D'CGFP fuerdert op en Neits méi Steiergerechtegkeet

Staatsbeamtegewerkschaft

D'CGFP fuerdert op en Neits méi Steiergerechtegkeet

D’Regierung géif an den Diskussiounen iwwer eng méiglech Pensiounsreform eng onéierlech Politik bedreiwen. Esou de Virworf vum CGFP-President Romain Wolff haut um Freideg virun der Press. D’Staatsbeamtegewerkschaft bedauert, datt d’CSV-DP-Regierung nach ëmmer net verroden huet, wéi si de Pensiounssystem reforméiere wëll. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Pressekonferenz haut vun der CGFP. | © Samuel Guerreiro Carvalho play_arrow
D'Pressekonferenz haut vun der CGFP. (Foto: Samuel Guerreiro Carvalho )

D’CSV-Sozialministesch Martine Deprez hätt an deenen 3 Experteronnen zu der Pensiounsreform net vill ausser “Moien an Äddi” zu de Gespréicher bäigedroen. Een Androck, deen och schonn de Pitt Bach bei eis am Interview gedeelt hat.

Legale Pensiounsalter soll bei 65 Joer bleiwen

Et wier eng “Schein-Debatt”: Et géif nämlech schéngen, wéi wann d’Regierung scho kloer wéisst, wat si wéilt punkto Pensioune maachen, mengt de Romain Wolff. D’Campagne “Schwätz mat” wier och net representativ. Domat hätt een déi Jonk géint déi Al ausgespillt. An de private Secteur géint den ëffentlechen.

Eppes steet awer fir d’CGFP fest: De legale Pensiounsalter soll bei 65 Joer bleiwen. Vu datt vill Leit scho virdrun an d’Pensioun ginn, misst een d’Leit motivéieren, duerch steierlech Virdeeler zum Beispill bis 65 ze schaffen, seet de Romain Wolff nach:

“Mee wann ee se méi laang wëllt am Aarbechtsprozess halen, da muss ee se och positiv incitéieren, fir dat ze maachen. Mee da mussen d'Betriber awer och matspillen. Well soss, wann een d'Leit schonn éischter aus dem Aarbechtsprozess entléisst, wéi dat jo och méi oft virkënnt, da klappt do iergendeppes awer net méi.”

Oprüsten: Wou kommen d'Suen hier?

Weider wëllt d’CGFP, datt den éischte Pilier de Stäerkste bleift. Deen hätt nämlech e soziale Grondcharakter.

"Mir sollen awer net vergiessen, datt Leit, déi haut scho kleng a mëttel Paien hunn, datt déi dann och nach sollen all Mount esou vill an en drëtte Pilier notamment stiechen. Ech mengen, dat ass ganz schwiereg, fir dat do ze maachen. A mir sollen och wëssen, wann een dat do herno erauskritt, sou wäit wéi ech informéiert sinn, muss een och nach Steieren dorop bezuelen."

Den Ajustement, also datt d’Pensioun un d’Salairesentwécklung ugepasst gëtt, sollt fir de Romain Wolff och op kee Fall ewechfalen. Och wann hie géif agesinn, datt eng komplett Upassung héchstwarscheinlech net méiglech wier.

Iwwerdeems freet de President vun der CGFP sech nach, wouhier d’Sue solle kommen, déi een an d’Defense wéilt investéieren. Och wann Europa sech virgeholl huet opzerüsten, wier et ausser Fro, op Suen aus dem Pensiounsfong zeréckzegräifen.

 

Lauschterenplay_arrow